E Lidd wat u sech schonn 1968 erauskomm war, gëtt den 3. September 1983  en Nummer -1-Hit fir eng aner Band.

03/09/2020 Pop History: UB40 & Red Red Wine

UB40, d'Grupp ronderëm d'Bridder Campbell, den Ali, de Robin an elo den Duncan, feiert haut viru 37 Joer hiren éischten Nummer 1. Succès an hirer Heemecht. Déi brittesch Reggae-Band vu Birmingham huet bis op de Cover vun engem Neil Diamond Lidd waarde bis se eng éischte Kéier op der Spëtzepositioun vun de britesche Singlecharts stinn.....

Red Red Wine, den Original vum Neil Diamond ass op deem sengem 2. Disk JUST FOR YOU ze fannen a packt et 1969 nëmme bis op Plaz 62 vun de Billboardcharts. 15 Joer méi spéit, an da geet ee jo dovunner aus datt d'Amerikaner schonn eppes mat Red Red Wine ufänke kéinten, bleift d'Versioun vu UB40 ënnert dem Radar an de States.

D'Single aus dem Album LABOUR OF LOVE sollt awer nach eng Kéier an den amerikaneschen Charts optauchen, an zwar 5 Joer méi spéit, 1988, wéi Red Red Wine nach eng publizéiert gouf. Den Neil Diamond fir säin Deel ka ganz gutt mam Cover vu UB40 liewen; hie selwer seet et wier eng vun de Versiounen déi am beschten ëmgesat wier. Dowéinst kënnt och reegelméisseg vir datt den Neil d'Versioun vu UB40 op sengen eegene Concerte spillt. Haut viru 37 Joer steet also RED RED WINE op der 1. bei de Briten.