Eppes Klenges méi wéi 2 Joer sinn et hier dass d'Nouvelle vum Avicii sengem Dout ronderëm Welt gaangen ass. Haut géif de schwedeschen DJ 31 Joer kréien.

08092020 Pop History - Avicii

Fir vill Leit war den Dout vum Avicii irreal. Den éischte Gedanke bei ville Fans: Dat kann net sinn. Nach bis haut kënne vill Leit dat net verstoen.

Den Avicii war vill DJ'en eng Inspiratioun. Dee gréisste Museker aus eiser Zäit war ganz uewen am Genre vum EDM. Der elektronescher Danzmusek.

Esou eppes provozéiert natierlech en enormen Drock. Nach besser ze ginn. Ëmmer uewen an den Charts ze stoen. Ronderëm d'Welt ze reesen a Concerten ze spillen. Esou eppes hannerléisst Spueren. Den Avicii huet ëmmer méi dacks Alkohol gedronk a gemierkt dass dat him hëlleft erof ze kommen. Mat fatale Suitten

Den Duerchbroch ass dem Acicii mat Levels gelongen. Dat sinn 9 Joer hier. Nom éischten Album True stoung déi éischte Single Wake Me Up an iwwer 20 Länner op der Nummer 1 vun den Charts

Séier koum et zu renomméierten Zesummenaarbechten. Ënnert anerem mam David Guetta, dee séier e grousse Fan vum Avicii gouf.

Fir seng Angschtzoustänn, ënnert deenen hie gelidden huet, an de Grëff ze kréien, huet den Avicii grouss Quantitéiten un Alkohol gedronk. Um Enn ass hie just nach op d'Bün gekroch. Den 20. Abrëll vum Joer 2018 gouf den DJ zu Maskat am Oman dout opfonnt. Vun Ufank un goung war vun engem Suicide riets.

Nächst Joer kritt den Tim Bergling eng Ausstellung a sengem Heemechtsland Schweden. Avicii Experience nennt se sech. Hei kann een de Ganze Wee vum DJ bis zum Weltstar no-verfollegen. Dernieft kritt een onverëffentlecht Biller, Videoen a Lidder vum Kënschtler presentéiert.