Genee 25 Joer geet et haut an eiser Pop History zeréck. De 5. November 1994 start nämlech d'Carrière vum Sheryl Crow.

05/11/2019 Pop History: Sheryl Crow

Op engem 05.November vum Joer 1994 klëmmt „All I Wanna Do“, dat éischt Lidd vun der amerikanescher Musekerin, an eng europäesch Top 10. Et packt et op déi 4. Plaz an England

„All I Wanna Do“ ass en Extrait aus dem Debutalbum vum Sheryl Crow „Tuesday Night Music Club“, dee schonn am August 1993 erauskomm war. E gëtt wuel néierens eng Nummer 1, mä mat iwwer 10 Milliounen Exemplairen, déi vun „Tuesday Night Music Club“ bis haut weltwäit verkaf gi sinn, bleift et deen erfollegräichsten Album vun der Sängerin, déi den 11. Februar 1962 zu Kennett am Missouri op d'Welt komm ass.
Mat deem Album gëtt d'Sheryl Crow och déi éischt amerikanesch Musekerin, déi et fäerdeg bréngt direkt 6 Singelen aus hirem Debut-Album an den englesche Singlecharts ze klasséieren. „All I Wanna Do“, déi 3. Single aus dem Album ass wuel déi, déi dat héchst Klassement erreecht, mä och déi aner 5 Singele „Leaving Las Vegas“, „Cant't Cry Anymore“, „Run, Baby, Run“, „What Can I Do For You“ a „Strongh Enough“ packen all de Sprong an déi britesch Charts:

„All I Wanna Do“ mat deem d'Sheryl Crow haut viru genee 25 Joer op der Plaz 4 an England steet, sollt awer international de gréissten Hit fir d'Amerikanerin bleiwen. Eenzeg an eleng am Kanada kann d'Sheryl Crow zwee Joer duerno nach méi e groussen Hit feiere mam Lidd „If It Makes You Happy“, wat et awer och an England nach emol bis an d'Top Ten vun de Singlecharts packt.