An eiser klenger, deeglecher Rees an d'Geschicht vun der Musek maache mer haut Statioun bei engem Hit, dee virun 35 Joer op der éischter Plaz an den amerikaneschen Charts stoung.

17/11/2019 Pop History: Wake Me Up Before You GoGo

Nodeems d'Lidd ëm dat et haut geet schonn den 2. Juni virun 35 Joer op der 1 an England stoung, hat et déi Performance déck 5 Méint méi spéit och an den USA ronn bruecht. Et ass e Pop-Song, dee wuel vill dozu bäigedroen huet, dass aus dem George Michael dee Superstar gouf, deen aus him ginn ass.

Et ass no BAD BOYS, wat 1983 dat éischt Lidd a bis haut virun 30 Joer och dat eenzegt Lidd wat et vu WHAM an d'US-Singlecharts gepackt, deen éischten Nummer 1 Hit fir Andrew Ridgeley an George Michael an den USA:

WAKE ME UP BEFORE YOU GO GO ass och den endgültegen internationalen Duerchbroch fir den engleschen Duo, deen nodeems en domat am Fréijoer an England an am Summer queesch uechtert Europa op der 1 stoung, och d'Spëtzepositioun vun de Billboard Charts erreecht. Et ass deen éischte vun 3 Nummer 1 Hits, déi den Duo WHAM an den USA feiere kann. Och d'Lidder CARELESS WHISPER an EVERYTHING SHE WANTS erreechen 1985 d'Top-Plaz an den USA:

Zeréck awer bei WAKE ME UP BEFORE YOU GO GO. D'Iddi fir den Hit koum vun engem Ziedelchen, deen den Andrew fir seng Eltere geschriwwen hat an op deem stoung, dass se hie waakreg maache sollten, ier se ginn. En hat sech allerdéngs verschriwwen an zwee Mol UP drop geschriwwen, esou dass hien och nach en zweete GO dohannert gesat, fir et méi witzeg ausgesinn ze loossen.

WAKE ME UP BEFORE YOU GO GO ass vu WHAM ouni Demo-Opnam a live mat Band am Studio agespillt an agesonge ginn an et war déi éischt Single vun hirem zweeten Album MAKE IT BIG, deen am Hierscht 1984 a Wanter 85 e weltwäite Bestseller gëtt.