Virun 20 Joer stoung e musikalesche Projet zimlech uewen an den Charts. Ma ouni e klenge Skandal goung et dann awer net

21/11/2019 Pop History: Wamdue Project

Riets geet vum amerikaneschen Dance-Music-Act Wamdue Project, deen 1994 an der Traditioun vum Detroiter Techno ugefaangen huet zesumme Musek ze produzéieren. Wamdue Project waren u sech 3 Djen, de kreative Kapp vum Projet war awer ouni Zweiwel de Chris Brann, dee fir de Wamdue Project mam Chris Clark an dem Chris Udoh zesumme geschafft huet. Vun 1994 u bréngen déi 3 Djen ënnert verschidden Nimm hir Musek op de Marché. Mol nennen se sech Wambonix, mol Wamdue Kids, mol Wamdue Project an nodeems hir Musek et an den éischte Jore kaum iwwert d'Clubszene an den USA erauspackt, geléngt hinnen 1998 mat WHERE DO WE GO en éischte klenge Charthit an den USA.

De groussen Hit hat de Wamdue Project awer e Joer méi spéit. An der Remix-Versioun vum Roy Malone ass hiren Titel KING OF MY CASTLE am Summer 1999 eng vun de groussen Nummeren op den Dancepiste vum Nuetsliewen an d'Lidd packt et vun do an d'Mainstream-Charts.

Am Juni 1999 erreecht KING OF MY CASTLE d'Plaz 3 bei eisen däitschen Noperen an an England ass den Titel esouguer nach méi erfollegräich. Den 20. November viru 15 Joer geet KING OF MY CASTLE op d'1 a Groussbritannien wou et sech eng Woch laang hale kann.

Domat war ëm de Wamdue Project awer scho bal gedoen. Nom grousse Succès vu KING OF MY CASTLE landen se e puer Méint drop awer nach emol an den Charts mat Lidd YOU'RE THE REASON.

Nom Release vun deem Lidd decidéiert sech de Chris Brann awer fir sech op aner Projeten ze konzentréien an de Wamdue Project hält op mat existéieren, hannerléisst awer och eng Spuer bei de Brit Awards, wou se als „Best British Newcomer“ fir d'Joer 2000 nominéiert goufen, ier et den Organisateure vun deem Musekspräis opgefall ass, dass et u sech eng amerikanesch Band war a se ëffentlech hu mussen entschëllegen, wéi se de Wamdue Project nees vun der Lëscht vun den Nominatioune gestrach hunn.