Haut sinn et op den Dag genee 20 Joer hir, dass den Entertainer a Museker Stefan Raab eng éischt an eenzeg Kéier selwer op der éischter Plaz an den däitsche Singlecharts steet.

29/11/2019 Pop History: Maschen-Draht-Zaun

Den 29. November 1999 ass d'Lidd „Maschen-Draht-Zaun“ Nummer 1 an Däitschland.

Wat als reelle Sträit tëscht Noperen ugefaangen hat an dem Raab opgefall war, wéi de Fall am Oktober bei der Geriichtsemissioun „Richterin Barbara Salesch“ op Sat Eins diffuséiert ginn ass, gëtt kuerzerhand zu engem Iwwerraschungshit fir den Entertainer, deen een deemools awer just eng Kéier an der Woch op Pro Sieben kucke konnt.

Well d'Resonanz op eng éischt improviséiert vum Lidd am Stefan Raab senger Emissioun TV TOTAL esou grouss a positiv ass, decidéiert hien sech zesumme mat der däitscher Country-Band TRUCK STOP an de Studio ze goen an eng propper ofgemëschten an instrumentaliséiert Versioun vum Maschen-Draht-Zaun opzehuelen.

D'Lidd kënnt den 12. November 1999 eraus a klëmmt nëmme knapp 3 Woche méi spéit, den 29. November 99 op d'1 bei eisen däitschen Noperen. Am ganze verkeeft de „Maschen-Draht-Zaun“ sech ronn 1 Millioun Mol a well de Stefan Raab dem Regina Zindler déi de legendären:

bei der Riichterin Barbara Salesch gesot hat, fräiwëlleg vun all verkaaftem Exemplaire vun der CD 10 Pfenneg schenkt, kënnt fir d'Fra aus Sachsen esou och e schéine Batz Geld zesummen.

„Maschen-Draht-Zaun“ bleift déi eenzeg Nummer 1 déi de Raab als Interpret realiséiere konnt. Mä ënnert anerem déi vun him entdeckt a produzéiert Kënschtler Max Mutzke, Stefanie Heinzmann oder och Lena Meyer-Landrut konnten awer op mannst eng Kéier bis op d'1 an Däitschland klammen.