Haut viru genee 55 Joer verléisst eis eng legendär Soul-Stëmm. Den 11. Dezember 1964 stierft de Sam Cooke.

11/12/2019 Pop History: 55. Doudesdag vum Sam Cooke

Dat am Alter vun nëmmen 33 Joer an och net well e krank gewiescht wier, mä well hien, de King Of Soul, erschoss ginn ass. D'Ëmstänn vu sengem Doud sinn net ganz kloer, mä sécher ass, dass hien am Hacienda Motel zu Los Angeles vun der Managerin vum Motel, dem Bertha Franklin erschoss gouf, déi sech anscheinend vun him menacéiert gefillt hat.
Eppes wat duerfir schwätzt ass de Fait, dass dem Sam Cooke seng Läich am Büro vum Bertha Franklin fonnt ginn ass, wou hien och erschoss gouf an en hat, wéi d'Police an hirem Rapport festgehalen hat, just eng Jackett a Schong un, keng Box an och keng Ënnerwäsch.
D'Hypothees vun der Noutwier gouf beim Prozess ronderëm dem Sam Cooke säin Doud awer vum zoustännege Geriicht zeréck behalen.
Seng Carrière hat de Sam Cooke schonn 1950 gestart, mat nëmmen 19 Joer an dem Band „The Soul Stirrers“, déi virun allem an der Gospel-Community grousse Succès kannt hunn.
1957 feiert hien säin éischten Nummer 1 Hit an de States mam Lidd „You Send Me“

An de Joren duerno steet de Sam Cooke reegelméisseg an den Charts a mécht duerch säi Style a seng Manéier sécher och de Wee fräi fir Kënschtler wéi Aretha Franklin, Curtis Mayfield a Stevie Wonder an dréit dozou bäi, dass Kënschtler wéi Otis Redding an James Brown déi Carrière maache konnten, déi se gemaach hunn.

Wéi de Sam Cooke 1964 erschoss gëtt, war hien e grousse Star an och dat Lidd, wat all Mënsch mat him a Verbindung bréngt „Wonderful World“ hat säin éischten Optrëtt an den Charts schonn hannert sech. Et war bei sengem Release 1960 bis op d'Plaz 12 an den amerikanesche Charts geklommen

Nach méi Succès sollt dës Lidd awer 22 Joer no sengem Doud kréien, wéi et als Lidd an enger grousser Publicitéitscampagne fir eng bekannt amerikanesch Jeans-Mark benotzt gëtt an et, zum Beispill, an England nach emol bis op d'Plaz 2 vun de Singlecharts klamme kann.