23 Joer jonk gëtt eist Gebuertsdagskand vum Dag

07/11/2019 Pop History: Lorde

An awer kann d'Ella Marija Lani Yelich-O'Connor schonn op eng flott Carrière zeréckkucken, déi am Mäerz 2013 start, wéi d'EP THE LOVE CLUB vum Lorde erauskënnt an et an hirer neuseelännescher Heemecht an och an Australien direkt emol bis op d'Plaz 2 an den Charts packt.

Wéi d'Lidd dunn vum 12. Oktober bis den 13. Dezember 2013 fir 9 Wochen ouni Ënnerbriechung op der 1 an de Billboard Hot 100 Singlecharts steet, kann d'Lorde mat senger éischter Single och nach an Neiséiland an Australien, genee ewéi och an England op d'1 vun de Singlecharts klammen.
Dem Lorde seng Carrière hat awer scho 4 Joer éischter ugefaangen, wéi hatt zesumme mat sengem Kolleg Louis McDonald bei enger Talentshow vun senger Schoul gewanne konnt. Déi zwee Museker kruten esou en Optrëtt bei enger Radiostatioun an do war den Animateur bei deen den Duo „Ella & Louis“ op Besuch war, esou begeeschtert, dass hien d'Opname vun deenen zwee un d'Plackefirma Universal geschéckt huet. D'Ella, alias Lorde, kritt esou e Kontrakt an e Vocal-Coach un d'Säit gestallt fir sech virun z'entwéckelen.
Am Dezember 2011 geet d'Lorde eng éischte Kéier an de Studio an hëlt do d'LOVE CLUB EP op, déi awer eréischt am Mäerz 2013 erauskomm ass.

ROYALS gëtt e Welthit a mat deem Lidd gewënnt d'Lorde 2014 och direkt zwee Grammyen, dee fir déi beschte Solo Pop Performance an dee wichtege fir de Song of the Year.
Och den éischten Album vun der Neiseilännerin, déi kroatesch an iresch Wuerzelen huet, gëtt weltwäit e grousse Succès. Aus PURE HEROINE ginn no ROYALS nach 4 weider Singelen ausgekoppelt vun deene sech international virun allem nach d'Lidd TEAM gutt verkafe kann:

Haut feiert d'Lorde emol seng 23 Joer.