Lëtzebuerg hätt e Problem mat der Klärschlamm- Entsuergung, heescht et ënner anerem an eisen Zeitungen.

04/10/2021 Presserevue

Dat ass den Opmaacher am Lëtzebuerger Wort vun haut.
Pro Joer wieren et eng 9000 Tonnen Klärschlamm.
De Gros géif exportéiert ginn.
Ma, dat wier keng laangfristeg Léisung.
Verbrennen dergéint schonn.
Ma, bis Verbrennungsanlagen kennen a Betrib goen, géif et Joeren daueren. 
Eng méiglech Iwwergangsléisung, géif d'Entreprise Soil-Concept liwweren.
Mat hirer Vergasungs-Anlag fir Klärschlamm.
Ma, dës géif guer net vum Staat consideréiert ginn.
Am Géigendeel.
Et géif Drock op d'Privatfirma gemaach ginn.
D'Klärschlamm-Verwaltung soll wéi et schéngt an ëffentlecher Hand bleiwen.
Kristiséiert d'Lëtzebuerger Wort.
Am Wort Leitartikel geet et ëm dat economescht Erwächen no der Corona-Krise. 
Dës wier just eng Otempaus gewiescht.
Déi net genotzt gi wier.
Schreift den Marco Meng.
Elo géif erëm ugerappt ginn.
Ma, et feelt u Matière Première.
D'Energiepräisser explodéieren.
Vill Froe géifen opstoen. 
D'Problemer géifen awer och weisen, datt de Bannemaart an déi global Economie sech nees gutt erholl hunn.
Interessant och am Wort:
Den Iwwerbléck vun de weltwäiten Impfcampagnen:
Virop kommen d'Vereenten arabesch Emirater.
Do sinn 93% vun der Populatioun komplett geimpft.
Zu Lëtzebuerg sinn et knapp 66%.
Ganz hannen: d'Demokratesch Republik Kongo mat 0,1% Impftaux.

D'Wahlen an Däitschland.
Sinn de Sujet am Tageblatt-Editorial.

Den Tobias Senzig schreift:
Et wier falsch den Armin Laschet mam Donald Trump ze vergläichen.
Just well allenzwee hier Wahldefaite net wëllen acceptéieren.
Ma, den Ënnerscheed wier, datt an Däitschland, wéi hei am Land, Regierungscheffen net direkt gewielt ginn.
Jo d'Unioun hätt Stëmme verluer, d'SPD der gewonn.
An awer, géif et elo un de Gréngen an un der FDP léien , wien an d'Regierung kënnt.
A souguer eng SPD-Unioun Koalitioun wier nach ëmmer net onméiglech.
Firwat sollt de Laschet dann elo schonn opginn?
Hien kéint nach ëmmer Kanzler ginn.
Sou den Editorialist.
Op der Une vum Tageblatt:
D'Serie vu Mënschen déi eng wichteg Aarbecht maachen.
Ouni datt een dat grouss an der Ëffentlechkeet matkritt. 
Haut geet et ëm e Koordinateur a Mataarbechter vun der Santés-Helpline.
Grad an der Corona-Pandemie hätt sech d'Importenz vun där Aarbecht gewisen.

De Quotidien huet mat der FEDIL iwwert de Klimaschutz geschwaat.

Den Direkter vun der Industriellefederatioun ass am Méindesinterview.
De René Winkin ënnersträicht, datt d'Industrie prett wier a Saachen Energie d'Kéier ze huelen.
Dat wier wichteg awer och komplex.
Dowéinst ass et den Appell un de Staat de Betrieber kloer Consignen an Hëllefen ze ginn.
Soss géif een d'Klimazieler net areechen.
Datt d'Industrie déi geplangten CO2 Reduktioun vun der Regierung acceptéiert.
Ouni sech ze vill ze beschwéieren.
Dat wier scho mol e gutt Zeechen.  
Mengt den David Marques am Quotidien-Editorial.
D'Industrie hätt jo och e Katalog mat konkreten Mesuren op den Dësch geluecht. 
Elo wier et un der Regierung fir Akzenter ze setzen.
Notamment beim Depot vum Budget an der Ried zur Lag vun der Natioun d'nächst Woch.