De Bléck an d’Zeitungen, Carine, d’Ukrain dominéiert op den Titelsäite vun de groussen Dageszeitungen...

17/06/2022 Presserevue

D’Wort hieft de méiglechen EU-Bäitrëttsstatut vun der Ukrain ervir. De Selenski krut gëschter vu scholz, Macron an Draghi Versprieche gemaach.
Maacht Europa, kee Krich!, titelt d’Tageblatt. Scholz a Macron waren zu Kiew an déi Visitt war laang iwwerfälleg.
Méi Transparenz gëtt am Editorial am Tageblatt gefuerdert. D’Sanktiounspolitik vu Lëtzebuerg wär hallefhäerzeg. Vill russesch Firme géifen nach geschützt ginn. Zeitung nennt Beispiller. Et wär einfach net genuch gewosst. Dat géif net den Androck vermëttelen, datt Lëtzebuerg et wierklech Eescht mat de Sanktioune géint Russland mengt.

Ëm Affäre geet et am Quotidien...

D’Lëscht hält net op. Zanter dem Ufank vun dëser Legislaturperiod ass d’Regierung mat enger Rei Affäre geheit, sou den Davis Marques am Editorial vum Quotidien. D’Wuert Affär géif zwar deels ze séier gebraucht ginn, mä riets geet awer vun enger «Chambre noire». Méi wéi eemol wär och d’Carole Dieschbourg an der Kritik gewiescht.

Ëm Mënschlechkeet och am Prisong geet et am Editorial am Wort. De Prisong soll net just eng Strof sinn, mä och d’Geleenheet ginn, dem Mënsche e gereegelt Liewen z’erméiglechen. E Mënsch wär och e Mënsch, wann e vum riichte Wee ofkënnt.

E Stéck Lëtzebuerg gëtt et am Leitartikel vum Lëtzebuerger Land...

Den 8. Juni huet d’Europaparlament fir d’Enn vum Verbrennungsmotor vun 2035 u gestëmmt. Een Dag dono huet den Entrepreneur Giorgetti zu Wickreng de Projet «Grid X». Et soll do op 3 Hektar komplett ëm den Auto goen. Datt esou e Riiseprojet an engem Land méiglech ass, wou Baueren iwwer de Verloscht vu Felder kloen a Betriber keng Terraine méi fannen, ass erstaunlech. Anerersäits awer och guer kee Widdersproch, mengt de Peter Feist. Wee genuch Suen huet, kann och zu Lëtzebuerg sou maachen wéi wann et Plaz ouni Enn géif ginn wéi am mëttlere Weste vun den USA. Private Besëtz géif hei zu Lëtzebuerg zu guer näischt verflichten, ob immobil oder automobil. Grid X géif dowéinst formidabel op Lëtzebuerg passen!