De Wunnegsmarché an d’Impfflicht sinn Themen de Moien, Carine, an den Zeitungen...

30/06/2022 Presserevue

Den neie Rapport vun den Experten iwwer eng Impfflicht ass fäerdeg kënnt d’nächst Woch en Dënsdeg eraus. D’Wort geet dorobber an. Usech war de Rapport fir de Mee annoncéiert ginn an u sech haten d’Experte sech scho positionéiert fir eng Impfflicht vu 50 Joer un a fir d’Gesondheetspersonal. Mä déi nei Varianten suergen ëmmer nees fir eng nei Entwécklung.
All d’Parteie kënne sech da positionéieren wéi si zu enger Impfflicht stinn. De Sozialminister Claude Haagen huet gëschter an der Chamber amplaz vun der Gesondheetsministesch geschwat. Gëschter ass dat 30. Covidgesetz gestëmmt ginn. Den 3G gëtt fir de Moment op d’mannst néierens méi am Land.  

Ass eng Impfflicht néideg? Do ginn et ëmmer méi Zweiwel...

Dat schreift de Quotidien. An der Chamber gouf u Sënn an Zweck gezweiwelt. De Sozialminister Claude Haagen sot, d’Regierung géif den neien Avis ofwaarden a sech da positionnéieren. Den Impftaux hei am Land läit bei 78,8%, d’Wirkung léisst no, wierkt awer nach ëmmer géint schwéier Verleef. D’Oppositioun huet sech gëschter an der Chamber opgereegt, datt den Hierscht an eng méiglech nei Well aktuell net geplangt gëtt. Fir den David Marques gesäit et am Editorial am Quotidien net gutt aus fir eng Imppfflicht. Fir eng Obligatioun géifen den Ament wéineg schwätzen. Och Eisträich a Griichenland wären zréck geruddert. Eisträich hat et probéiert, mä trotz Flicht hu sech awer mol net méi Leit impfe gelooss.

Wunne bleift e Luxus zu Lëtzebuerg...

Schreift d’Tageblatt op senger Titelsäit a berifft sech op Zuele vum Statec. D’Präisser sinn am éischten Trimester dëst Joer alt nees ferm geklommen, ëm iwwer 10%. Et ass dat 12. Trimester hannerteneen, datt d’Präisser an d’Luucht gaange sinn. Usech war de Sekteur vu méi niddrege Präisser ausgaangen. Elo sinn awer d’Haiser ëm 12,1% geklommen, d’Appartmenter ëm 11%. Ëmmerhinn ass dat awer ënnert dem Rekord vun zejoert. Do ware mer bei iwwer 17%.  
D’Nofro wäert héich bleiwen