De Vëlo an de Logement sinn zwee Themen de Moien an den Zeitungen...

01/07/2022 Presserevue

D’Regierung wëll d’Locataieren entlaaschten, titelt d’Tageblatt. An der zoustänneger Chamberkommissioun gëtt iwwert dat zweet Tripartite-Gesetz beroden. Vum 1. August u sollen nei Reegele gëllen.
«Aus der Traum vom Eigenheim» kommentéiert d’Tageblatt- Dat gréisste Versoe vun der aktueller Regierung sinn d’Immobiliepräisser, déi weider klammen. D’Mesure vu bis ewell hätten näischt bruecht.
D’Revendikatioune vun der Caritas fir d’Parteie virun de Walen d’nächst Joer an d’Drogenhënn fir d’Prisongen sinn Themen an allen Zeitungen. Droge gehéiere jo leider a ville Prisongen zum Alldag. Zwee Malinoisen an hir gutt Nues sollen déi entdecken. Gëschter goufen d’Déiern an hir zwee Meeschteren der Press presentéiert. Nach bis de September dauert hir Ausbildung. D’Hënn sichen u sech net Drogen, mä ëmmer hir Spillsaach.  

Den Tour de France huet et dann och op d’Titelsäite vum Wort a vum Quotidien gepackt…

L’heure du grand Départ, titelt de Quotidien. Beim Wort ass en « Trio im Angriffsmodus». 3 Lëtzebuerger si jo matderbäi. Den Tour de France interesséiert nach ëmmer ganz vill Leit. 3 Woche laang kann een de Coureuren nogoen wéi se déi dausende vu Kilometeren hannerts ech bréngen an d’Bierger erop drécken. Eleng déi schéi Landschaftsbiller begeeschteren vill Lëtzebuerger all dag bei de Live-Iwwerdroungen. Och mir iwwerdroe jo den Tour de France all Dag.

Den neie Xavier Bettel aus dem Osten...

Wie kéint dat sinn? Fir d’Land ass dat…de Lex Delles. Obwuel seng Carrière eréischt virun 10 Joer ugefaangen huet, war de 37 Joer alen Delles scho Schäffen, Buergermeeschter, Deputéieren an zanter 2018 och Minister. Virun 3 Wochen ass en och nach DP-President ginn. D’Land huet haut e politesche Porträt vun him. Villes géif drop hindeiten, datt den Delles, genee wéi d’Generalsekretärin carole Hartmann méi wirtschaftsliberal wären wéi hir Virgängen Xavier Bettel a Corinne Cahen.