Iwwer 1.500 Tester ginn pro Dag gemaach, an nëmmen wann alles ok ass kënnt d'Mëllech vun der Luxlait an d'Geschäft. Dat selwecht gëllt natierlech och vir all hir aner Produiten déi op Basis vun der Mëllech um Rouscht produzéiert ginn. Den RTL Reporter war sech de Moien op de Site iwwerzeegen. Ganz uewen an den Top Ten vun de beschte Venten ass an de Wanterméint den Egg nog. Eng Traditioun déi hir Wuerzelen zu Philadelphia huet, an dunn iwwer Ëmweeër an de Grand-Duché koum.

De Michael Matergia, Responsabel Commercial an schonn zanter 27 Joer bei der Luxlait.

09-12-2020 Luxlait (1) Michael Matergia - Egg nog

Eng 160 Millioune Liter Mellech ginn d'Joer hei verschafft, also bal eng hallef Millioun den Dag fir als Kéis, Jughurt oder Glace de Wee duerch d'ganz Welt ze maachen. De Pol Lutgen, Responsable Marketing.

09-12-2020 Luxlait (2) Pol Lutgen - Genossenschaft

All Produit gëtt op Häerz a Nieren gepréift, an op d'Hygiène gouf nach ëmmer grousse Wäert geluet, och schonn virun Corona

09-12-2020 Luxlait (3) Pol Lutgen - Hygiène

Wann ee Produit awer d'ganz Joer gutt geet dann den original Kachkéis wou d'Produktioun e puer Deeg laang dauert bis dass een d'Dëppchen am Killrayon vum Supermarché fënnt.

09-12-2020 Luxlait (4) Michael Matergia - Kachkéis

T'ass schonn enorm wann een déi grouss Tanken gesäit wou d'Mëllech stockéiert an dann bannent 1 Dag verschafft gëtt.
Iwwer 100 Produiten fënnt een an hirer Gamme a wann een all d'Goûten matzielt dann kënnt een op 400 Stéck.

RTL
RTL