Genoss, Emotiounen a séiss Momenter: Wëllkomm an der Welt vum Schockela. Well och elo d'Zäit ass, wou een alt mol esou e Stéckelchen am Schong, oder herno ënnert dem Beemche fënnt, hu mir eis geduecht, mir maachen haut e Schockelasdag. Gesond ass en nämlech, dee Schwaarzen, an och schonn ur-ural.

Mir ware bei e Chocolatier luussen, den Axel Hanf deen seng Chocolaterie Belgian Chocolate Design am Shoppingzenter Massen op der Wemperhaart huet. Hien huet no senger Meeschterprüfung als Patissier e puer Chocolaterien a verschiddene Länner besicht, an dat louch em direkt, esou dass en sech doranner spezialiséiert huet.

11122020 Best of Schockela 1 (AXEL HANF)

11122020 Best of Schockela (AXEL HANF)

Mat alle Sënner: Kucken, upaken, richen, schmaachen a beim briechen esouguer lauschteren...well och héiere kann een de Schockela, de schéine Knack, ass wéi eng gutt gestëmmte Gei. Dovunner kann eis d'Lola Valerius e Liddche Sangen. Si huet Architektin geléiert, ma amplaz Haiser, baut se elo faarweg Knippercher a mécht d'Leit frou:

11122020 Best of Schockela 2 (LOLA VALERIUS)

11122020 Best of Schockels (LOLA VALERIUS)

Zanter dausende vu Joren gëtt de Kakao als Heelmëttel benotzt. Verschidden Analysen hunn seng positiv Wierkung bei Stress confirméiert. An ale shamaneschen Heelritualer ass de Kakao bei de Maya scho gedronk ginn. Réikakao a Moose genéisse, soll hëllefen op eng douce Manéier de Wee no bannen ze fannen, ze harmoniséieren a virun allem d'Häerz op ze maachen. D'Heilpraktikerin Carolin Tietz zerwéiert en an der aler Traditioun a Form vun enger Zeremonie:

11122020 Best of Schockela 3 (CAROLIN TIETZ)

11122020 Best of Schockela (CAROLIN TIETZ)

Fir an de Genoss vum Maya Schoki ze kommen, haakt der 50-70 g Réikakao kleng, Schmëlzt e lues mat Waasser oder Planzemëllech op, bis e wotlech ass, a gitt e Läffel Hunneg, Pilli-Pilli oder Cayenne Peffer an e bësse Kanéil mat bäi. Dono schaimt der dat Ganzt mam Zoppemixer op, an zerwéiert et wotlech.