Den Niveau vum Lëtzebuerger Dammebasket ass an de leschte Joren an d’Luucht gaangen. Dat huet engersäits dermat ze dinn, datt d’Ekippe gutt encadréiert sinn. Op där anerer Säit investéieren d’Clibb och an d’Dammen, andeem si genee wéi bei den Hären, professionell Spillerinnen engagéieren.
Am Rebound geheit de Guy Seyler haut e Bléck op den Dammechampionnat:

01/10/2021 Rebound

Direkt um 1. Spilldag gouf et schonn eng Iwwerraschung. Wann ee mat de Victoire vun Diddeleng, dem Gréngewald, Walfer a Konter konnt rechnen, esou koum den Erfolleg vum Opsteiger Wooltz dach onerwaart.

Fir d’Michèle Orban deit dat op eng ausgeglachen a spannend Saison  hin.

CUT 1

D’Michèle Orban huet 19 Joer laang um héchsten Niveau gespillt, éier si elo dat ganzt a Rou vun der Tribüne aus kuckt. Wéi schätzt si den Niveau vum Dammebasket an:

CUT 2

Dat huet de Gréngewald e Mëttwoch gewisen. Si sinn zwar keen Tour weider komm, hunn awer e gläichwäertege Géigner ofginn. Bei den Italienerinnen war d’Amerikanerin Taylor Lucas mat 38 Punkten am 1. Match a mat 28.  am 2. déi dreiwend Kraaft.

Dat ass zu Lëtzebuerg net anescht. 60% a méi vun de Punkten markéieren all kéiers d’Profispillerinnen. Duerfir ginn se geholl. Un hirer Säit sollen déi lokal Spillerinnen sech verbesseren.
Mee ass dat nach de Fall, wann et der 3 sinn, Michèle:

CUT 3

3 Profien um Training, wann de Club sech dat ka leeschten, bréngt e Surplus. An der Competitioun dann wéinst dem Gentleman Agreement nëmmen op 2 ze bauen, fält dann awer munchmol schwéier:

CUT 4

Bei den Hären a bei den Dammen ass haut den Owend de kompletten 2. Spilldag. Wann dir um hallwer 7 an d’Hal gitt, da kënnt dir esouwuel d‘ Dammen wéi duerno och d‘Hären ufeieren.