
Diddeleng géint Steesel. Dat ass eng Affiche déi et am éischte Tour vun der Coupe de Luxembourg seele gëtt. Dëst Joer hat dat domadder ze dinn, datt béid Ekippen et no der normaler Qualifikatiounsronn vum Championnat net ënnert déi éischte 6 gepackt haten. Déi Ekippe waren nämlech automatesch fir 8. Finalle qualifizéiert.
De Match tëscht dem Vice Champion Diddeleng an dem Champion Steesel huet mussen an d´Verlängerung goen. Um Enn vun de 45 Minutten huet sech den T71 mat 94 op 89 géint d´Amicale behaapt.
Ee Spiller huet d´Amicale mat senge 25 Punkten ëmmer nees am Match gehalen. An dat war de Scott Morton. De Jonas Theisen ass voll des Luews iwwer dat, wat hien der Ekipp um an och niewent dem Terrain bréngt.
Cut Jona Theisen
De Match tëscht Diddeleng a Steesel krut kee Schéinheetspräis. Hien huet bis zum Schluss vun der Spannung gelieft. Fir den Nationaltrainer Ken Diederich deen e Mëttwoch d´Partie suivéiert huet, ass et logesch, datt déi Matcher déi an der Woch gespillt ginn, net ënnert optimalen Viraussetzungen stattfannen.
Cut Ken Diederich
De Ken Diederich ka sech zanter enger gewëssener Zäit just nach op seng Tâche als Nationaltrainer konzentréieren. Dat ass fir hien eng ganz nei erfarung.
Cut Ken Diederich
Den Ament ass fir d´Nationalekipp Paus. Richteg lass geet et réischt am Februar dat nächste Joer.
Cut Ken Diederich
An stinn am Mee schonns d´Spiller vun de klenge Länner virun der Dir.