
© Roland Miny
An der LBBL, der Luxembourg Basketball League ass bei den Hären haut schonn den Optakt vum 20. Spilldag mat der Partie Sparta géint den T71. Bei den Dammen ass kee Championnat well Nadia Mossong a Co. hir lescht Matcher an der Europameeschterschaftsqualifikatioun hunn. A propos Nadia Mossong, fir déi fréier Profi war et gëscht an der Partie géint Italien, no iwwer 19 Joer an der Nationalequipe, dee leschten Heemmatch am Dress vun der FLBB-Formatioun. De Rebound vun haut mam Franky Hippert:
Net an der NBA, mä hei zu Lëtzebuerg ass den Owend um 8 Auer schonn d'Härepartie Sparta Bartreng géint den T71 Diddeleng. Muer geet et dann weider, an e Sonndeg den Owend um 6 Auer ass dann den Ofschloss vun dësem 20. Spilldag mam Match Zolwer géint Hiefenech.