Am Rebound vun haut kuckt de Rich Simon zeréck op den Testmatch vun de Lëtzebuerger Hären géint Nanzeg deen de leschte Samschdeg an der Coque war. Do dernieft seet hien eis wéi et mat der Blessure, respektiv der Reeducatioun vum Magali Meynadier ausgesäit.

03/03/2023 Rebound 18h50 Simon

Nom Wiessel vum Bundesligaclub Saarlouis op Hueschtert, huet sech d'Magali Meynadier am Mee ee Rass um Kräizband zougezunn. Mëttlerweil si ronn 9 Méint vergaangen an d'Blessure ass nach ëmmer net ganz auskuréiert.

Cut Magali Meynadier

Fir nees komplett op d'Been ze kommen, kann d'Magali Meynadier op d'Servicer vum LIHPS zeréck gräifen.

Cut Magali Meynadier

Nieft dem Support vun ënnert anerem Sportwëssenschaftler, Spezialisten vun der Verletzungspreventioun schafft d'Magali Meynadier och mam Sportpsycholog Fränk Müller zesummen.

Cut Magali Meynadier

D'Härennationalekipp huet nom Stage a Portugal e Samschdeg an der Coque géint de SLUC Nanzeg nach een Testmatch gespillt. An der Coque gouf et eng 72 op 91 Néierlag. Dat Resultat spigelt awer net onbedéngt de ganze Match zeréck. Bis an de leschte Véierel war d' Ekipp vum Nationaltrainer Ken Diederich nach komplett am Match dran.

Cut Ken Diederich

De Stage a Portugal an den Testmatch géint Nanzeg huet de Ken Diederich ënnert anerem benotzt, fir d'Ekipp fir d'Spiller vun de klenge Länner op Malta op d'Been ze stellen. Zu 2 Drëttel, steet déi elo och schonns.

Cut Ken Diederich

D'Spiller vun de klenge Länner si vum 28. Mee op den 3. Juni op Malta.