Ouni Telefon ënnerwee - dat passéiert deene mannsten haut nach. A wann, da fillt ee sech ganz plakeg. Wéi vill telefonéiert Dir dann iwwerhaapt domadder? Enger Etude no géif a Groussbritannien ee Véirel vun de Smartphone-Besëtzer manner wéi ee mol d'Woch mobil telefonéieren. D'Leit géifen haut éischter Message schreiwen. Doduerch kéint d'Qualitéit vun der Kommunikatioun biergof goen, esou d'Angscht. Ass dat wierklech esou, a wat sinn d'Kommunikatiounsgewunnechte vun de Leit zu Lëtzebuerg?

04/02/2016 Verschwënnt dat klassescht Telefonsgespréich?