Um Owend virun der Päerdscourse geet de Ben Hur nach emol kuerz an de Stall fir mat senge Päerd ze schwätzen. Si sollen den Dag drop gutt openeen oppassen, an hir Stäerkt asetzen, net einfach blann no vir rennen. Zesumme sollen se gewannen. A sengen Aen nëmme Guttmiddegkeet an d'Päerd schnauwen zefridden. Esou gesäit amerikanescht Teamwork aus, an enger réimescher Arena. Den 18. November 1959, also haut virun 60 Joer gesäit een den Haaptacteur Charlton Heston eng éischte Kéier als jiddesche Fürst aus der Zäit Jesu um groussen Ecran. 

18/11/2019 An 100 Sekonnen - Ben Hur

De Ben Hur steet dem Jesus zimmlech no. Béid sinn se fromm a friddlech a géint déi réimesch Besetzung. Mee et kann ee vum Jesus net erwaarden dass en sech a Séischluechten, Orgien, oder bluddeg Circusspektakele verwéckele léisst. De Ben Hur dogéint ass permanent mat esou Saache beschäftegt a gesäit och nach gutt aus. Et ass also esou en hallwe Jesus, mat e bësse méi Ënnerhalungswäert.
Den Opwand, deen de Regisseur William Wyler deemools bruecht huet, deen huet all Kader gesprengt. 50 Galeeren huet e baue gelooss, a 40.000 Tonne Mëttelmiersand erbäigeschleeft. 78 Päerd goufen trainéiert a säi Produzent ass stressbedéngt un Häerzinfarkt gestuerwen. De Päerd ass iwwregens näischt geschitt, de Wyler wollt keen Zodi mat den Déiereschützer an huet gutt op se opgepasst.
En Aachtel vum ganze Budget a fënnef Wochen Dréizäit sinn eleng fir d'Course an der Arena dropgaangen. Et gouf eng Stärestonn vum Kino: D'Arena als Markenzeeche vun der respektloser Concours-Gesellschaft, Ween déi sech iwwerschloen, a Stécker briechen, Päerd déi iwwert d'Athleten trampelen, a wëller Juegd no der Victoire. A Mattendran wäiss Päerd, Blo Aen, ouni Peitsch an d'Ziggel fest am Grëff, de Ben Hur natierlech!  
Säin Haaptkonkurrent de muechtgäile Réimer Messala, huet natierlech schwaarz Päerd an och däischter Aen. An d'Peitsch déi knallt e permanent. Trotzdeem läit en iergendwann am Sand a stierft, wärend de Ben Hur seng Päerd kësst an dem Stalljong Merci seet.

Um Enn hätt en et bal an d'Bibel gepackt, als deen deen dem Jesus d'Waasser reeche konnt. E koum nämlech matten an d'Kräizegung a wollt dem gepéngegte Jesus ze drénke ginn, ma e réimeschen Zaldot huet en ewechgestouss. Dowéinst koum de Ben Hur warscheinlech am Evangelium net vir an huet just am Kino dierfte grouss an onstierflech ginn. Mee dat huet jo och ganz gutt geklappt.