Haut virun 25 Joer kënnt deen éischte Film an déi amerikanesch Kinoen dee komplett um Computer gemaach ginn ass.

D'Première vun Toy Story war zwar schonn 3 Deeg virdrun, mä de Grand Public an de States ass eréischt den 22. November 1995 an de Genoss vum Woody a senge Kollege komm. Et geet ëm dem Andy säin Zëmmer an deem de Woody, dem Andy seng léifste Spillsaach, d'Soen huet. Kuerz ier d'Famill plënnere sollt, kritt den Andy eng nei Spillsaach fir säi Gebuertsdag, de Buzz Lightyear, e Space Ranger fir jalous ze ginn.

Ouni engem elo déi ganz Geschicht ze verroden; de Woody an den Buzz gi Kollegen. De Film ass am Optrag vun Disney vun de Pixar Studios produzéiert ginn an huet mam Tom Hanks an Tim Allen an der Originalversioun zwou ganz bekannt Stëmmen; an der däitscher Versioun huet ënner anerem de Peer Augustinski dem Film seng Stëmm geléint, hien huet de Woody geschwat.

Wie sech e bësse fir Pixar-Filmer intresséiert, weess dat dëse Studio ganz gären Uspillungen an hire Filmer verstoppt, zum Beispill héiert ee wéi de Buzz déi éischte Kéier am Film ze gesinn ass, dat selwecht Geräisch dat den Darth Vader beim Ootme mécht. An obwuel am Film Toy Story eng helle Wull Spillsaachen ze gesi sinn, feelt vun enger Barbie all Spur. Mattel, d'Firma déi d'Barbië mécht, wollt dat net. Well de Film awer sou e grousse Succès war, gesäit een d'Barbie am 2. Toy Story. Bis haut ginn et 4 Filmer ronderëm de Woody, de Buzz, de Mr. a Mrs. Potato Head an de Slinky Dog.