D'Schwëster ënnerhält sech grad mat der Tatta, déi gedëlleg nolauschtert... de Witz, deen de Papp all Joer erëm op en Neits erzielt, suergt fir Langweil a Schmunzelen zugläich... de Cousin an de Schwoer debattéieren ëmmer méi ugereegt iwwer politesch Themen an der jonker Mamm geet d'Häerz op, wann dat Klengt eng éischte Kéier "Mamma" seet. All Gespréich an Interaktioun déi de Mënsch huet, ass markéiert vun Erwaardunge, Wënsch a Virstellungen. Wat sech dobäi am Kapp ofspillt, a wéi séier e Gespréich an e Sträit ëmschloe kann ass faszinant. Virun allem wann een et aus enger gewësser Distanz kuckt. Dat beliichte mer an eiser neier Serie "Kommunikatioun"

20/03/2019 Kommunikatioun - Wat passéiert am Kapp wa mer kommunizéieren?

Da komm mir fänken och mam Kapp un... Dass e Gespréich vum selwe leeft, muss d'Gehir ganz séier reagéieren. Soss s Malentendue virprogramméiert. "Hues de mol en Zéngter? Huel dach d'Kaart! Dësen Dialog virun engem Automat ass fir déi Bedeelegt, nenne mer se mol Anna an Tom ouni Problem ze verstoen. Dobäi leeft am Gehir e richtege Panoptikum un Analysen a Prozesser of. Den Tom weess dass d'Anne eng Zengeuroschäin mengt, net eng Zengcentmënz, oder en Zengterschlëssel fir de Vëlo. Och dass et eng Opfuerderung ass de Portmonni erauszehuelen an net just Jo ze soen. Och dass hannert der Kaart eng Bankkaart verstoppt ass, ass net selbstverständlech, et kéint jo och eng Landkaart, oder eng Spillkaart. Ma wéi kënnen déi Prozesser - Schwätzen, Nolauschteren a plangen iwwerhaapt matenee lafen?

D'Gehiraktivitéite vun deem de schwätzt an deem deen nolauschtert lafe gekoppelt of. Dobäi ginn net nëmmen d'Sproochzentren an der lénker Säit aktiv, ma och wäit Beräicher vun den nonverbalen Arealen an der rietser Säit . Hemisphäre. D'Anna hätt och kënne froen: Weess du wou meng Bancomatskaart ass? Da muss den Tom d'Äntwert nei konzipéieren. Och d'Planung bis bei d'Äntwert dauert net laang, déi meescht evitéieren eng Paus a baue Stëmmlauter wéi eeehmm... ööööh... oder uuuh an, während se iwwerlee wat se solle soen. Béid Zentren, de kritesche Verstand an d'Conscience brauche mer well mer permanent iwwerleeën ouni nozedenken op et passt, op een duerf oder soll. Während engem Trancezoustand gi verschidde Regiounen am Gehir erofgefuer an de kritesche Verstand deen d'Konsequenzen analyséiert, fält och ewech.

Eng interessant Approche huet de Schulz von Thun a sengem Buch "Miteinander reden" an zwar stellt en d'Gesiicht vum Mënsch mat 4 Oueren duer: Eent fir d'Saach ëm déi et geet, een fir d'Selbstoffenbarung, ee fir de Beräich Bezéiung an eent fir den Appell.

-Do eng Jackett un, et ass kal!

D'Saach em déi et geet:
D'Jackett, jo kloer!

D'Selbstoffenbarung:
Wat hätt si da lo gär? Meng Mamm, si mécht sech scho rëm wichteg. Si soll net nerve mat hirem permanente Gemeckers!

Da komme mer bei d'Ouer vun der Bezéiung:
Wéi schwätzt si da mat mir? Ech kann dat Gemeckers net méi verdroen. Wee mengt déi eigentlech dass ech sinn, ech sinn dach net blöd!

An och d'Appell Ouer geréit an d'Nodenken:
Wat soll ech elo maachen, denke fillen, opgrond vun der Ausso... Mengt si ech kéint dat net eleng decidéieren?

An dann déi méiglech Reaktioun:
Loss mech a Rou mat dem Blödsinn, mir ass et net kal!

-Ech dierf jo bal guer näischt méi soen, du bass ëmmer direkt op 180...!

Komm mir maachen d'Riddo erëm zou, mir wëssen all wéi d'Gespréich weider geet, oder?

© Schulz Von Thun

Kommunikatioun ass d'Thema vum Michèle senger neier Serie, an an deenen nächste Reportage wäerte mer nach e puer ganz Interessant Saachen aus deem Beräich gewuer ginn, zum Beispill iwwer Selbstgespréicher, Gewaltfräi- a modern Kommunikatioun, Rhetorik a Schlagfäerdegkeet an d'Kierpersprooch.