Mir komme bei den zweeten Deel vun eiser Serie iwwer "Kommunikatioun" an do geet et haut ëm Kierpersprooch. Gestik, Mimik, oder och d'Kierperhaltung selwer si wichteg Kommunikatiounsmëttel déi mer onbewosst asetzen. Dofir gëtt och dacks gesot, dass non-verbal Signaler vill méi iwwer déi richteg Gefiller vum Géigeniwwer aussoe wéi geschwate Wierder. Ass dat wierklech esou?

22/03/2019 Kommunikatioun - Kierpersprooch

Ech huelen als Beispill einfach mol eng Show, déi vum Thorsten Havener, de Mentalist a Gedankelieser wéi en sech selwer nennt. Erstaunen a Verwonnerung gesäit een all Kéiers am Public, wann de Mann et fäerdeg bréngt Detektiv ze spillen, oder déi richteg Identitéit vun engem Mënsch ze roden, dee grad op d'Bühn geruff gouf. Et entsteet séier d'Impressioun dass de Kënschtler wierklech Gedanke liese kann a wéi mécht en dat nëmmen? Gedanke liese kann en net, dat gëtt en zou, munch Nummere sinn Zaubershow an Illusioun, anerer dogéint baséieren awer einfach nëmmen op säi schaarfe Bléck.

D'Talent fir deenen aneren hier Kierpersprooch ze rode kann een also léieren. Schon Ugangs vum 17te Joerhonnert huet den englesche Philosoph Francis Bacon d'"body language" zu engem decisiven Element vun der Kommunikatioun erkläert. Wéi de Mond dem Ouer eppes pëspert, esou pëspert Beweegung dem A Eppes. Wee Gesten a Mimik duerchkuckt, deen ass kloer am Virdeel. Fest steet also dass Gestik a Mimik dozou bäidréit dass mer eis Matmënsche verstinn an och eist eegen Uleies besser vermëttelen.

Wa mer bei den non-verbale Signaler sinn, falen eis also eng Abberzuel un Impulser op wéi Mimik, Gestik, Kierperhaltung, Gesicht allgemengt Ausgesinn an och den Tounfall an der Stëmm. Domat baue mer e Persouneschema op deen et erméiglecht eng Persoun séier z'identifizéieren an d'Emotiounen anzeschätzen. Dobäi liwwert de Gesiichtsausdrock d'Schlësselinformatioun, nämlech de Bléckkontakt. An dee spillt eng zentral Roll.

Meeschtens ass déi éischt Impressioun déi mer bei engem Mënsch hunn decisiv op een sech versteet oder net. Dat gouf virun allem och festgestallt beim Speed Dating, wou een nëmme puer Minutten Zäit huet fir säi Géigeniwwer z'iwwerzeegen dass een deen oder dat Richtegt ass. Fuerscher sinn der Meenung dass d'Erfollegsrezept op d'Kierperhaltung zeréckzeféieren ass an dee Moment sou een Dominanz souwuel wéi och Opgeschlossenheet demonstréiert, signaliséiert een dem Géigeniwwer dass een och nach aner Ressourcen huet déi ee prett wär ze deelen.
 

Wann et also op "Léift op den éischte Bléck" ukënnt, da kéinte Mënsche mat enger oppener Pose däitlech d'Nues vir hunn.