Dir hutt e kloert Ziel virun Aen, denkt iech déi beschten Argumenter aus a gitt domat an e Gespréich. A wéi kann et anescht sinn, et geet an d'Box an de Sträit ass virprogramméiert. Gewaltfräi Kommunikatioun ass d'Léisung. Dat huet elo näischt mam Gandhi senger gewaltloser Resistenz, oder der Hippie Beweegung ze dinn, an et brauch een och net onbedéngt direkt eng Berodung fir d'Partnerschaft oder d'Famill, et ass ganz einfach.

26/03/2019 Kommunikatioun - Gewaltfräi Kommunikatioun

Wourëms geet et da bei der gewaltfräier Kommunikatioun tatsächlech? Ass et eng Methode fir psychologesch Gespréichsféierung? Léiert een do sech selwer kennen? Ass et de Schlëssel fir de Weltfridden?  E bësse vun allem wann een esou wëllt- et geet drëms wéi een Eppes seet, also ëm d'Wieder an d'Formuléierungen, et ass net nëmmen ech Technik déi een ëmmer nees trainéiere muss, ma et kënnt och drop u fir en neit, méi empathescht Bewosstsinn ze schafen.

But vun der gewaltfräier Kommunikatioun ass also net deen, fir en aneren dozou ze brénge mäi Besoin z'erfëllen an ze maache wat ech wëll, ma fir eng Bezéiung opzebauen an där d'Empathie sech normal entfale kann an déi Géigesäiteg Besoinen erkannt an unerkannt ginn, a keen sech dobäi vernoléissegt fillt. Dofir musse mer eis kloer ausdrécken, wat dacks net de Fall ass.
Wann ech net kloer a menger Kommunikatioun sinn, iwwerloossen ech automatesch dem Géigeniwwer d'Fräiheet sech dat erauszeplécke wat e wëllt héieren. Dat geschitt dacks unhand vu sougenannte Weichspüler. (Eigentlech, Am Prinzip, Jo mä)
Well keen esou gären seng Schietsäiten blouss stellt, oder deng Masken ofleet, gëtt sech an enger Diskussioun gäre gerechtfäerdegt. Och dat bréngt eis net wierklech weider.

Festgefuere Musteren a Programmer ännert ee leider net vun haut op muer, ma wann een sech schonn mol bewosst ass, dass een sech a verschiddene Manéiere falsch ausdréckt, an ëmmer erëm mierkt dass een no enger Diskussioun net dat erreecht wat ee wëllt, ass et vläicht un der Zäit fir sech d'Fro ze stellen: Wëll ech a menger Kommunikatioun eppes änneren oder net?

Interessant ass och wat d'Organisatiouns-Psycholgen an den USA fir D'Aarbechtsplaz virschloen: De Klima vum Verzeien. Wann d'Gefiller iwwerkachen, ginn souwuel Affer wéi och Täter doranner ënnerstëtzt no engem Sträit douce an empathesch ze reagéieren. Anscheinend sinn d'Leit dono méi zefridden, a verhalen sech méi kollegial.