Aristoteles, Platon, Sokrates oder Diogenes... si all ware grouss Philosophen, a konnte schwätzen. 90% vun de Mënsche fillen sech awer net wuel wann se virun engem grousse Publik musse schwätzen. Souguer wann ee mat zwee zolitte Féiss um Buedem steet, an sech fachlech gutt preparéiert huet, kann et ëmmer virkommen, dass d'Panik héich kënnt, engem den Doudschweess ausgeet an ee just nach genéiert tuddelt. Ee Mann deem dat och esou ergaangen ass, ass de Matthias Pöhm, an hien zielt mëttlerweil zu deene beschte Rhetorikcoachen a Schlagfäerdegkeetstrainer am däitschsproochege Raum.

28/03/2019 Kommunikatioun - Rhetorik

De Matthias Pöhm coacht Spëtzeleit aus der Politik an der Wirtschaft, fir offiziell Optrëtter. Zanter 15 Joer notzt en seng Erfarung a schreift Rieden oder hält Seminären. Nicht auf den Mund gefallen, Nonplusultra der Schlagfertigkeit, Präsentieren Sie noch oder faszinieren Sie schon, sinn nëmmen e puer vu Bestseller zum Thema, déi aus senger Fieder stamen a spannend Ablécker an déi mënschlech Kommunikatioun liwweren. Och hien ass iwwert e Schlësselerliefnes bei d'Rhetorik komm
Séier wéi de Blëtz, witzeg an op de Punkt, wënschen sech vill Leit. Mënschen déi net schlagfäerdeg sinn, deenen traut een net vill zou an huet liicht Spill mat hinnen. Egal op am Job, an der Partnerschaft, oder mat frieme Leit, wie Paroli bidde kann, huet ëmmer d'Nues vir.

Was die kleine Momo konnte wie kein anderer, das war das Zuhören.
Sie konnte so zuhören, dass ratlose, unentschlossene Leute auf einmal ganz genau wussten, was sie wollten.
Oder dass Schüchterne sich plötzlich frei und mutig fühlten.
Und wenn jemand meinte, sein Leben sei ganz verfehlt und bedeutungslos und er selbst nur irgendeiner unter Millionen, einer, auf denen es überhaupt nicht ankommt, und er ebenso schnell ersetzt werden kann wie ein kaputter Topf – und er ging hin und erzählte das alles der kleinen Momo, dann wurde ihm, noch während er redete, auf geheimnisvolle Weise klar, dass er sich gründlich irrte, dass es ihn, genauso wie er war, unter allen Menschen nur ein einziges Mal gab und dass er deshalb auf seine besondere Weise für die Welt wichtig war.

E wierklecht gutt Gespréich mat engem anere Mënsch ass Balsam fir d'Séil. Et fillt een sech dono frësch, déif beréiert a voll Energie. Schlecht Gespréicher dogéint maache midd a lassen eis gelangweilt oder gereizt do stoen.

© Matthias Pöhm

Dacks ass et och hautdesdaags esou dass de Gespréichspartner ze vill mat sech selwer beschäftegt ass, alles duerch de subjektive Brëll gekuckt gëtt, ee laanschtenee schwätzt oder den Handy méi wichteg ass. An déi meescht Leit lauschteren net wierklech no wat de Géigeniwwer um Häerz huet, ma iwwerleeën sech scho Sätz am Kapp wéi se kënnen äntweren.