"Ech verstinn dech jo, ..." - bei deem Saz héiert een de "Mä" schonn eraus, iert en iwwerhaapt ausgeschwat ass. Mat wierklechem Versteesdemech huet dat genee esou wéineg ze dinn wéi en Aromastoff mam Geroch vun enger Blumm. Dacks steet hannert deenen Aussoen och guer net d'Intentioun fir de Géigeniwwer ze verstoen, ma au Contraire, et wëllt ee sech net wierklech mat de Besoine vum Gespréichspartner ausenanersetzen. Et feelt also un "Empathie".

03/04/2019 Kommunikatioun - Empathie

D'Gefill verstanen ze ginn huet op de Mënsch eng erstaunlech Wierkung. Grad a Stress- a Konfliktsituatiounen entlaascht a befreit et a kann esouguer Sträit schlichten. Dee selwechte Mënsch deen sech virdrun nämlech nach aggressiv a stur verhalen huet, oder sech zeréckgezunn huet, an all Wuert op d'Goldwo geluecht huet, fir hannert all Saz en negativen Hannergrond ze gesinn, dee gëtt duerch d'Gefill verstanen ze ginn op eemol méi op, méi zougänglech, méi kooperativ. Wann et eis gléckt fir e gutt Gefill duerch gutt Nolauschteren a voll Konzentratioun op seng Besoine leet, da verwandelt och d'Qualitéit vun der Bezéiung. Aus engem Géintenee gëtt e Mateneen.
Empathie ass also d'Talent fir sech an aner Mënschen eranzeversetzen a Matgefill ze hunn, en zentralen Aspekt vun der emotionaler Intelligenz a wichteg fir d'Zesummeliewen. Déi gutt Noriicht: Empathie kann ee léieren.
Hei e puer Tuyauen op wat e kann oppassen:

Als alleréischt mol: Keng Viruerteeler:
Wann ech jugéieren ass d'Gefor grouss dass ech mech vu mengem eegene Bild leede loossen an net wierklech op dat aginn wat mäi Géigeniwwer beschäftegt.

D'Verhalen vum aneren hannerfroen:
Froe wéi Wat méchs de do, firwat méchs de dat? Firwat ass dat der wichteg? hëllefen deen anere kennenzeléieren an e besser ze verstoen.

Déi eege Gefiller kenneléieren:
Wann ech meng eege Gefiller net kennen a verstinn, ass et onméiglech engem anere seng ze verstoen. D'Chance sinn héich dass mäi Géigeniwwer déi selwecht Emotiounen empfënnt. 

D'Ëmfeld observéieren:
E waakrege Bléck ass decisiv fir Empathie z'entwéckelen. Einfach mol eng Stonn op eng Terrasse setzen an de Leit nokucken wéi déi sech verhalen. Mat e bëssen Übung gesäit een op eemol Zeechen déi een interpretéiere kann.

Interessi weisen:
Sech fir anerer z'interesséieren ass ganz enk mat Empathie verbonnen. Wéi geet et mengem Géigeniwwer, wat beweegt e grad, wat huet e gär a wat net?
 
Differenzéier tëscht Matgefill a Matleed:
Matgefill heescht d'Gefiller vun dem aneren noempfannen ze kënnen, a Matleed heescht selwer Leed z'empfannen. Matgefill hëlleft, Matleed schuet.

Versich tëscht den Zeilen ze liesen:
Wat aner Mënsche soen ass nëmmen en Deel vum Message. Villes bleift onausgeschwat, ass trotzdeem en Deel vun der Kommunikatioun. Wann ech net sécher sinn de Message verstanen ze hunn - nofroen.

Hal dech mat ënnerschiddleche Mënschen op:
Wat ech méi ënnerschiddlech Mënsche kennen, wat et mer méi liicht fält fir op ze sinn a Liewenskonzepter ze verstoen déi sech vu mengen ënnerscheeden.

Sief tolerant mat aneren:
Sech iwwer aner Leit opreege ka séier passéieren. Wat mer dobäi liicht iwwersinn - meeschtens stiechen aner Grënn hannert engem nervege Verhalen. 

Behal déi néideg Distanz:
Empathie huet och hir Grenzen, an et muss een deenen aneren hire perséinleche raum loossen. Kee wëll vun engem flüchtege Bekannte mat Matgefill, Rotschléi a Léisungsvirschléi direkt iwwerschott ginn. 

An zu gudder Lescht: Huel der Zäit!
Empathie ass e komplext Talent wat een zwar léiere kann ma et brauch e gewëssen Training, well nëmme mat Gedold kann een séi schéinste Rousen ziichten!

Tjo, wie behaapt an e puer Deeg oder Wochen direkt en empathesche Mënsch ze ginn, dee mécht sech Eppes vir a belitt sech selwer. Esou e Prozess klappt nëmme Schrëtt fir Schrëtt mee et kann een och um Wee zu méi Empathie déi eenzel kleng Erkenntnesser genéissen.