Kennt der Sätz wéi deen heiten: "Smalltalk... kann ech net, ech sinn éischter introvertéiert..." oder "ech si méi de rouegen Typ an net deen deen esouvill schwätzt" oder "ech traue mech net viru ville Leit ze schwätzen"... Vill Mënsche ginn sech dem Schicksal hin, net wierklech vun sech selwer iwwerzeegt ze sinn, an net selbstbewosst schwätzen ze kënnen. Meeschtens entsteet dann och keng richteg Kommunikatioun. Gutt Nouvelle: Schwätze kann ee léieren an üben.

04/04/2019 Kommunikatioun - D'Stëmm - eist eegent Instrument

Déi eege Stëmm ass e ganzt impressionnant Instrument an si beaflosst och wéi mer vun anere Leit bemierkt a gesi ginn. Si mer hinne sympathesch? Kënne mer iwwerzeegen? Wierke mer souverän oder éischter onsécher? Wa mer nuschelen, oder ze lues schwätzen an d'Stëmm ziddert, ass et fir den Nolauschterer schwéier eis ze verstoen an e schätzt eis als nervös, ugespaant oder ängschtlech an. Eng haart a kloer Stëmm dogéint straalt Kompetenz, Stäerkt a Kloerheet aus. D'Stëmm ass also en Deel vun eiser Identitéit, wéi d'Susanne Häberlein, eis Schwätztrainerin mer verroden huet. (Audio)

D'Stëmm vermëttelt also méi wéi deene Meeschte Leit bewosst ass, an ass den däitlechsten Ausdrock vun eiser Perséinlechkeet.  Wéi e Mënsch schwätzt gëtt zimlech kloer Informatiounen iwwert seng Intelligenz, säin Alter, seng Originnen an och iwwert seng Stëmmung of, also d'Gefiller déi e grad huet, oder déi hie beherrschen.
Perséinlechkeetsaspekter wéi Onsécherheet, oder Introvertéiert sinn hunn awer och nach aner méi subtil Charaktereegenschaften a loossen sech net wéi e Schalter ëmleeën, do muss een dann dem Problem méi op de Fong goen:
Logopäden a Profischwätzer kënnen eis bäibrénge wéi d'Stëmm fonctionnéiert, mer méi sécher ginn a wéi mer de Klang verbessere kënnen. Hei spillt net nëmmen d'Ootmung eng Zentral Roll, ma och d'Kierperhaltung:
Lëpsen, an Zong kann een trainéieren, wéi all aner Muskel och, dofir mécht all Riedner a Sänger virun engem Optrëtt Übungen fir d'Stëmm opzewiermen. Beweegung wéi sprangen, sech äerden, op an of lafen hëlleft och d'Stëmm an de Floss ze bréngen.

Wa mer et fäerdeg brénge fir eis Gefiller an Emotiounen auszedrécken dass se och vum Géigeniwwer gegleeft a verstane ginn, fille mer eis automatesch och méi staark a sécher. Dir sidd vläicht net perfekt, dofir awer eenzegaarteg, also loosst vun Iech héieren.

Schwätzt wéi wann der glécklech wäert, wéi wann der staark- a selbstbewosst wäert. Och wann der Iech net grad esou fillt, de Kierper mécht mat a gleeft iech et a wandelt déi negativ a Positiv Emotiounen ëm. Den nächsten Deel vun eiser Serie iwwer Kommunikatioun kënnt en Donneschdeg no 9 an do geet et ëm Selbstgespréich.