Déi ganz Famill an engem Bett- d'Elteren mam Puppelchen an de Kanner. Eng gutt oder keng gutt Iddi?

Frëschgebaken Elteren a Koppele mat klenge Kanner kennen de Problem: u Schlof ass kaum bis guer net ze denken. Dobäi kéint et esou einfach sinn: mam Familljebett. A ville Kulturen ass et e Bestand-Deel vum Zesummeliewen dass ee sech och d'Bett deelt. An och fréier hunn d'Leit hei zesummen an engem Bett geschlof. Et war net genuch Plaz a nuets och kal, an op déi Manéier konnt een deen anere waarm halen. Och haut huelen vill Elteren a Mammen hire Puppelchen an déi kleng Kanner mat an d'Bett. Well et ganz einfach praktesch ass an d'Zesummeliewen besser funktionéiert, esou d'Eliane Streitz vun der Initiativ Liewensufank. An et ass och eppes wat ganz natierlech ass.

Wann d'Mamm net opstoe muss, ass et nuets vill manner stresseg an et ass ee moies net méi esou geriedert. Ëmmer erëm héiert een awer vu Géigner vum Familljebett, dass dat virun allem fir Puppelcher ka geféierlech ginn. Et géif de Risiko ginn dass d'Kand erstéckt gëtt oder de sougenannte Kandsdoud, d'mort subite, kéint antreffen.

21/03/2019 Familljebett 2

Et gi nach e puer Saachen op déi ee sollt oppassen wann een esou e Butz bei sech leien huet: d'Matrass dierf net ze mëll sinn, de Bëbee soll a sengem eegene Schlofsak schlofen a net ënnert enger Decken, net ze waarm agepak sinn an d'Kummer soll 16 bis 18 Grad waarm sinn. D'Kand soll net kënnen aus dem Bett falen an d'Eltere solle net fëmmen. An och am Fall wou d'Kand net bei den Elteren am Bett schléift, esou gëtt awer recommandéiert dass et op mannst an der selwechter Kummer schléift, dann eben a sengem eegene Bett oder engem Bettchen fir bäi ze stellen.

21/03/2019 Familljebett 3

Wien elo fäert de Bëbee géif ze vill verwinnt ginn andeems e bei der Mamm a beim Papp schléift, deen iert sech. Dat ass bei engem Neigebuerenen einfach net méiglech. An d'Kanner wéi och d'Mammen brauchen de Kierperkontakt, esou wéi et vun der Natur virgesinn ass. 

21/03/2019 Familljebett 4

Fir deen d'Familljebett elo awer net a Fro kënnt: Et ginn och aner Léisungen fir besser ze schlofen. Zum Beispill andeems een eng Matrass an d'Kannerzëmmer leet an do schléift. Andeems de Partner vläicht an engem anere Bett schléift well dee moies muss ausgeschlof sinn, andeems d'Mamm mam Kand an engem aneren Zëmmer schléift,... jee, all Famill fënnt do hiren eegene Rhythmus.
Op kee Fall awer ass d'Familljebett e Killer fir eng Koppel... dat ass just eng Kapp-Saach:

21/03/2019 Familljebett 5

Wichteg ass et dass een an där Zäit probéiert labber ze bleiwen. Well d'Kanner bleiwe net ëmmer esou kleng.

Informatiounen iwwer d'Familljebett an e ganze Koup aner nëtzlech Tipps kritt Dir bei der 'Initiativ Liewensufank':