De Weekend gouf zu Dikrech déi nei Brauerei ageweit. D'Brasserie de Luxembourg gehéiert schonn zanter 2002 zum weltwäite Grupp AB-Inbev. An deen huet elo 25 Milliounen Euro investéiert fir eng fuschnei Brauerei opzeriichten, déi um allerneitste Stand vun der Technik ass a wesentlech manner Ressource verbraucht. Ma dass de Standuert Lëtzebuerg esou erhale bleift, war guer net sou evident.

18/03/2019 BAND Brasserie de Luxembourg 06h50 -gillen-