Wee lues vru sech hi potert, gëtt alt heiansdo vu senge Matmënschen als geckeg oder gestéiert ofgestempelt. Psychologen hunn awer erausfonnt, dass e Mënsch dee Selbstgespréicher féiert guer net verréckt ass, au Contraire et ass souguer extrem nëtzlech. D'Michèle Schons huet déi Monologen déi mer mat eis selwer féieren mol méi genee analyséiert:

11/04/2019 Kommunikatioun - Selbstgespréich

"Wou hunn ech dann elo mäi Schlëssel nees hi getässelt?!"
"Wat wollt ech elo scho méi als éischt maachen....?"
"Wéi kréien ech dat elo am beschten hin, dass dat riicht leeft?"

Eng Äntwert gëtt et net... et ass keen do. Et ass nämlech keen do deen dorop reagéiere kann. Mënschen déi haart mat sech selwer babbelen wierken zwar op den éischte Bléck mol komesch, ma anscheinend ass et awer Fakt, dass 96% vun allen Erwuessene mat sech selwer schwätzt. Schéngt also ganz normal ze sinn. An net nëmmen dat. et soll souguer en extrem nëtzlechen Tool vum Nodenken. An deen erfëllt ganz ënnerschiddlech Funktiounen. Eis Gedanke sinn nämlech net strukturéiert an e Selbstgespréich kann hëllefen se méi kloer ze faassen an z'analyséieren. Ausserdeem kann Autokommunikatioun e ganz gutt Ventil si, fir Stress ofzebauen, et hëlleft fir sech selwer ze motivéieren a seng Zieler z'erreechen. Net ouni Grond gëllt och d'Selbstgespréich am Leeschtungssport als wäertvollt Mëttel vun der Leeschtungs-Steigerung. Dowéinst gesäit een dacks Sportler a Schlësselsituatiounen déi net nëmmen op sech selwer fokusséiert an an sech gekéiert do stinn, ma och agaange si virun sech hin ze schwätzen, beispillsweis mat de Wieder: Du Packs dat elo, oder dee Goal schéiss du elo!

Selbstgespréicher si scho ganz fréi am mënschleche Verhale verankert. Mat knapp zwee Joer fänke kleng Kanner un de Monolog vun sech aus ze kultivéieren, a potere permanent, ouni sech Gedanken ze maache wat ronderëm ass. Op des Manéier sammelen se hir  Opmierksamkeet, a sortéiere Gedanken an Evenementer. D'Autokommunikatioun huet nach eng aner wichteg Funktioun an huet bei Kanner vill mam léiere vun der Sprooch ze dinn. Si léiere Saachen ze nennen a probéieren d'Aussprooch. Ab dem 5te Liewensjoer hëlt dat Verhalen allerdéngs ëmmer méi of a wann nach eng aner Persoun am Zëmmer ass, ginn d'Gedanken éischter gepëspert, iert se déi, wéi mir erwuesse, ganz fir sech behalen.   

Mat enger psychescher Stéierung huet d'Selbstgespréich nëmme wéineg ze dinn a keen dee mat sech selwer babbelt muss Angscht hunn dass e geckeg gëtt. Well mer sozial Wiese sinn, kann et och dozou kommen dass wann eng Persoun eleng ass, mat sech selwer schwätzt.
De Monolog bei enger Erkrankung huet eng aner Qualitéit. De gesonde Mënsch erkennt dass et seng eege Stëmm ass a wou se hierkënnt, a Mënschen déi un enger Psychose leide, kënnen net ënnerscheeden op déi Stëmm vu bannen oder vu bausse kënnt. Och e Symptom wat dacks bei Mënsche festgestallt gëtt déi ënner Schizophrenie oder un Demenz leiden. Vun enger psychescher Erkrankung kann een zum Beispill och ausgoe wann e Mënsch déi selwecht Sätz permanent widderhëlt, oder jäizt a flucht an ëffentleche Lokaler.
Ween awer just nom Autosschlëssel sicht, dee bréngt d'Gebabbels wahrscheinlech op de richtege Gedanken.  

Selbstgespréicher sinn also kee Grond fir sech opzereegen... Eescht gëtt et eréischt, wann een op eemol nei Saachen dobäi gewuer gëtt... ;-)
Deen nächsten a leschten Deel vun eiser Serie iwwert d'Kommunikatioun héiert der e Freideg de Moien no 10, an all d'Reportage fannt der op rtl.lu