Déi mobil Kommunikatioun verännert eis Méiglechkeete fir eis auszedrécken. Schrëftzeechen änneren hir Bedeitung, Kierper ginn zu Ecranen, an den Dialog gëtt nei erfonnt. A ville Fäll ass déi modern Kommunikatioun awer Fluch a Seegen zugläich. D'Michèle Schons huet Detailer

12/04/2019 Kommunikatioun - Modern Kommunikatioun

Ob iwwer Email, Whatsapp oder Messenger... hautzedaags kann een eis quasi iwwerall erreechen. Dat stéiert allerdéngs net nëmmen eisen Aarbechtsfloss, ma kann och op Dauer eng Belaaschtung fir d'Gehir ginn. 1000 Noriichten, Ufroen, Invitatiounen, Allen z'äntweren ass schonn net méi méiglech zemools bei verschiddene Leit Dosende Mailen dobäikommen. Interessant ass, dass d'E-mailen nach aus enger Zäit kommen, wou een se all beäntwere konnt. Zäiten déi scho laang eriwwer sinn. Bei ville Leit leeft d'Mailbox iwwer a wien all d'Maile beäntwert, deen huet um Enn keng Zäit méi fir seng reell Aarbecht. Ma net nëmmen d'Masse an den Ausmooss vun der elektrescher a moderner Kommunikatioun stresst de Mënsch, och déi permanent Presenz vun Internet a Smartphone ass mëttlerweil eng richteg Plo. Hei nach e Selfie vun der Vakanz a Griicheland, do nach e Post vum Iesse beim Chines, nach séier eng Foto vum neie Rack op Whatsapp verschéckt .... iergendwéi schéngt et net méi ouni ze goen.

Zwielef Joer no der Vermaartung vum éischten iphone hunn d'Smartphonen d'Liewensqualitéit an d'Gesellschaft schonn drastesch verännert. Laut enger Etüd ass d'Telefonéiere bei Jonken och guer net méi ënnert den Top3 vun de Grënn wisou se de Smartphone benotzen, ma si verschécke Biller, lauschtere Musek, a Surfen am Internet. Mä ass et wierklech esou dass d'Kommunikatioun d'Baach ageet? Net wierklech, d'Aart a Weis huet sech just verännert. Kommunizéiert gëtt wahrscheinlech esouguer méi wéi virdrun, nieft Messenger wéi Whatsapp tauschen d'Leit sech och iwwer sozial Plattformen wéi Instagram, Snapchat oder Facebook mat Wieder, Biller a Videoen all Dag Milliounefach aus a Millioune Mënsche sinn op deene Plattformen aktiv.

Natierlech kann de Gespréichspartner sech och iwwergaange fillen, wann de Géigeniwwer permanent mam Smartphone hantéiert, dofir gesäit een net seele Leit, déi sech näischt ze soen hunn. Mat e bësse Gefill fir d'Situatioun kritt een awer och dat erëm an de Grëff. D'Boma reagéiert do wahrscheinlech anescht wéi d'Kollegen am selwechten Alter. 

Fir munch Leit si kommunikativ Gesten a Mimik besser fir deen aneren ze verstoen, bei deenen aneren hëlleft eben eng Foto oder en Text.
Dat war de leschten Deel vun eiser Serie, dir fannt all d'Reportagen dozou op rtl.lu ënnert der Serie - Kommunikatioun