10% vun de Leit op der Welt hu Problemer mat den Nieren. 70% vun de Betraffenen wëssen et allerdéngs mol net. Meeschtens fält d'Krankheet réischt op, wa se an engem avancéierte Stadion ass. Oder wann et ze spéit ass. Patiente mat chroneschen Niereproblemer lafen nämlech méi en héije Risiko un engem Häerzinfarkt oder engem Schlag ze stierwen. Fir deem entgéint ze wierken, gëtt et zanter leschtem Hierscht an den Hôpitaux Robert Schuman d'Clinique vun de Krankheete vun der Nier. Raphaëlle Dickes 

Nierekrankheeten: verbreet a geféierlech

Nieren Erkrankungen spiert een net. Et ka vläicht sinn, dass ee sech midd oder schlapp fillt. Mee dat kann och duerch e sëllechen aner Ëmstänn bedéngt sinn. Dofir bleiwen Niereproblemer dacks laang onbemierkt. Well d'Nieren awer eng zentral Roll an eisem Kierper spillen, wier dëst relativ geféierlech. Erkläert de Professor Werner Riegel vun der Däitscher Niere Stëftung, dee Mëtt Mäerz am Kader vum Weltdag vun den Nieren e Virtrag am Spidol um Kierchbierg gehalen hat.

Professor Werner Riegel: Sie bildet Ihr Blut, reguliert die Blutsalze, sie reguliert den Knochen. Und so wird der Knochen weich, es kommt zu Brüchigkeit. Der Bluttdruck geht nach oben. Es kommt zur Elektrolytstörung, zu Störungen im Wasserhaushalt. Und letzendlich ist die grösste Gefahr dass Herzinfarkte und Schlaganfälle viel häufiger sind bei Menschen, die eine chronische Nierenerkrankung haben, als bei anderen Menschen.

Preventiouns Aarbecht leeschten, d'Leit opklären a Betraffener begleeden, dat huet déi Däitsch Niere Stëftung sech op d'Kap geschriwwen. All zwee Joer sollten d'Leit ab 35 Joer en Check maache loossen fir hire Bluttdrock an hir Niere Funktioun kennen ze léieren. Souguer e Projet vun Telemedezin gëtt hei ugebueden.

WR: Die Menschen können sich über einen Code einloggen und an einem ganzen Potpourri von Informations- und Fortbildungsmöglichkeiten teilnehmen.... und sie können sich auch in einem Test informieren. Dann erhalten sie ein Zertifikat, dann wissen sie, dass sie umreichend informiert sind. Das unterstützt auch den Arzt. Und so kommen wir in einen Wissenszustand in der Gesellschaft, die am Ende des Tages Kosten im Gesundheitswesen spart.

Chronesch Niere Krankheeten, déi eng regelméisseg Dialyse erfuerderen, schränken nämlech net just Liewensqualitéit an, mee kaschten och vill Geld: tëscht 80-90.000€ am Joer. Lauter gutt Grënn fir et net esouwäit kommen ze loossen. An dofir ass zanter 7 Méint och d'Clinique des maladies du rein an der Zithaklinik an am Spidol Kierchbierg aktiv. D'Christine Volcker ass eng vun den Infirmièren an erkläert d'Objektiver.

Christine Volcker: La clinique des maladies du rein offre un service supplémentaire aux personnes atteintes de maladies reinales et de leur famille, dans le sens ou on prend en charge la maladie avant la mise en dialyse. Donc cela concerne aussi bien l'information, que le coaching à long terme jusqu'au traitement.

Ee Konzept, dat hei am Mëttelpunkt steet, ass dat vum Partner Patient. Pionéier Aarbecht an dësem Beräich huet d'Kanadierin Elisa Gélinas-Phaneuf geleescht. Mat der d'Spezialisten vun den Hopitaux Robert Schuman e groussen Austausch haten an déi och um Weltdag vun der Nier um Kierchbierg iwwer den Intérêt vun dëser Partnerschaft an Eegeverantwortung vum Patient geschwat huet.

Elisa Gélinas-Phaneuf: C'est un partenariat entre les spécialistes, que ce soit le médecin, une diététicienne, psychjologue, infirmère et un patient qui lui est expert de son vécu et de la maladie. Donc lui il vit constamment avec sa maladie, donc il peut faire le lien. Et on co-construit ensemble une vision personnalisée de de ses soins.

Grad esou wéi de Patient also aktiv mat a säin Traitement a gebonne gëtt, kënne seng Erfarunge mat der Krankheet och op den Unien, an der Recherche an der Weiderbildung wäertvoll sinn.

Elisa Gélinas-Phaneuf:: Le grand bénéfice, c'est que le patient prend en charge sa propre santé. Donc ça ne repose pas seulement sur le médecin. C'est ensemble qu'on co-construit, donc moins de frustrations, meilleure observation de traitement, meilleure qualité de vie. Cela améliore la longévité aussi et la qualité durant cette longévité.

Wat e Patient méi a seng Traitementer agebonne gëtt a besser iwwer seng Krankheet Bescheed weess, wat en d'medezinesch Consignen och besser anhält a virun allem säi Kierper besser kenneléiert an deemno éischter Komplikatiounen erkennt a mat Zäit reagéiert. D'Patienten aktiv abannen ass deemno och an der Clinique des maladies du rein um Kierchbierg eng Prioritéit, Christine Volcker.

Christine Volcker: On a fait le e-learning, la plateforme qui offre l'information aux patients avec des patients experts de leur maladie. Ils nous ont donné leur avis. On a choisi le logo de la clinique des maladies du rein avec les patients. (...) Et il y a une de nos patientes qui a écrit un livre de recettes avec la diététicienne néphrologue, l'équipe pluridisciplinaire parce qu'elle était spécialiste sur toutes ses frustrations de départ, parce que au départ on ne ne sait plus quoi manger... Après, elle s'est reprise, s'est plongée dedans et elle est devenue encore plus spécialiste que nous.

Esou kann och aus enger Krankheet eraus Positives entstoen.