An eiser Serie vun de wichtegen Nährstoffer, déi de Kierper brauch, geet et haut ëm d'Vitamin A. Och nach bekannt ënner den Nimm Retinol, Betacarotène oder Pro Vitamin A. D'Raphaëlle Dickes an d'Cynthia Schweich vun der Nationaler Associatioun vun den Dieteticienen erklären, firwat dës Vitamin esou wichteg ass.

Nährstoffer: Vitamin A

  D'Vitamin A ass en elementaire Bausteen fir eis Vue. Gëtt se dach an eiser Netzhaut an d'Protein Rhodopsin ëmgebaut, déi mer brauche fir eis An vun hell op däischter an ëmgedréint unzepassen.. Hu mer e Vitamin A Mangel, kann dëst besonnesch nuets zu Problemer vun der Vue féieren.

Cynthia Schweich: Déi meescht Leit mierken zimlech direkt, wa se schlecht an der Nuecht gesinn. D.h. dat Nuetsblann wéi een dat da kennt. A wann et wäit geet, kann een och d'Kraaft an den A verléieren, dat heescht och blann ginn.

Dovunner ofgesi brauche mer de Vitamin A fir eis fortzeplanzen.

Cynthia Schweich: Dat heescht, alles wat Wuesstum ass an och alles wat Hierstellen ass vun eisem Immunsystem, alles wat an eisem Kierper eruwiisst, gëtt vum Vitamin A ënnerstëtzt.

E Vitamin A Mangel opgrond vu schlechter Ernährung, ass éischter seelen. De Kierper kann d'fettléislech Vitamin späicheren, déi virun allem am Fleesch vun der Liewer, an de Mëllechprokdukter, am Fësch an an den Eeër virkënnt.

Cynthia Schweich: En plus fanne mer et am Geméis. Dat ass virun allem am grénge Geméis an alles wat Giel oder Orange ass. Dat heescht, et kann ee sech och un de Faarwen orientéieren fir Vitamin A zréck ze fannen. 15''

Ween equilibréiert ësst, huet normalerweis kee Mangel. et mécht also nëmme seelen Sënn se als Supplement bäizehuelen. Dëst sollt een och just no Ofsprooch mam Dokter maachen, insistéiert d'Cynthia Schweich vun der Nationaler Associatioun vun den Dieteticienen.

Cynthia Schweich:  Vitamin A stockéiere mer virun allem an eiser Liewer. An dat heescht, wann dat ze héich ass, vun der Konzentratioun, kann dat wierklech zu Liewer Problemer féieren. Bis hin zu enger Zirrhose. Et kann zu Hautproblemer féieren an och d'Schanken ugräifen. Dat heescht, dat si Saachen déi scho mam Dokter ofzekläre sinn, ier ee sech u Supplementatiounen eruwot.

Besonnesch schwanger Fraen sollten NET op Vitamin A Supplementen zréckgräifen ouni hiren Dokter ze consultéieren. Dëst kéint nämlech Auswierkungen op d'Entwécklung vum Kand am Bauch hunn.

Weider Informatiounen op der Websäit vun der Nationaler Associatioun vun den Ernährungsberoder: