Am Kader vum Weltdag vum Buch an den Autorerechter den 23. Abrëll huet d'Initiative Freed um Liesen, de Centre national de littérature an CFL gëschter op eng Pressekonferenz invitéiert zum Thema " E Buch am Zuch". D'Brigitte Bintz war fir eis do an huet éischt Impressiounen matbruecht.

20/04/2019 Buch vun der Woch

Stress an Hektik, an eiser haiteger Zäit e grousst Thema. Do deet et dach emol gutt mam Zuch a mam Bus sech ze deplacéieren. A firwat net dobäi e flott Buch liesen!? Déi 21. Editioun vum "Buch am Zuch" huet dëst Joer den Titel "Bauen a Wunnen". D'Buch, dat aus 61 Texter besteet, op Lëtzebuergesch, Franséisch an Däitsch, beschäftegt sech mat alles wat am, beim oder ronderëm d'Haus ass. Ënnert de 47 Auteuren fannen mer Texter vum eelsten Auteur dem Michel Lentz bis bei déi Jéngst dem Tom Nissen a Gast Mannes. Wéi dat Ganzt deemools entstanen ass, erklärt eis d'Germaine Goetzinger vun der Initiative Freed um Liesen.

Déi Verantwortlech sinn och ganz houfreg, dass CFL dee ganze finanzielle Volet iwwerhëlt.  7.000 Exemplären si gedréckt ginn a wäerten vun en Dënschdeg den 23. Abrëll zu Ettelbréck, Miersch, Waasserbëlleg, Beetebuerg a Lëtzebuerg gratis verdeelt ginn.

All Joers kënnt bei de Verantwortlechen d'Angscht op: Gi genuch Texter fonnt zu dem Thema a kréien se e ganzt Buch zesummen? Mee wat méi gelies gëtt, stelle se fest, dass d'Lëtzebuerger Literatur eng räich Literatur ass an och zu esou engem Thema ganz vill ze bidden huet. Ënnert de 47 Auteuren fanne mer ganz bekannten Auteuren.

Den Heinrich Heine huet eng Kéier gesot: "Von allen Welten, die der Mensch erschaffen hat, ist die der Bücher die Gewaltigste.

Wien elo wësse wëll vu weem nach alles Texter am Buch ze fanne sin, dee kann sech jo op de verschiddene Garen en Exemplär ofhuele goen an dann dat ganzt gemittlech liesen.