Kriibs ka jiddereen treffen, egal a wéi engem Alter. Eng Erkenntnis, déi de Sven Knepper jonk getraff huet, wéi hien kuerz viru sengem 18te Gebuertsdag bei den Hausdokter war fir e Certificat fir de Führerschäin ze kréien. An him, ganz niewebäi, vun enger Knupp am Been erzielt huet. Knachekriibs, wéi sech kuerz drop sollt erausstellen. Dat si bal 22 Joer hir. De Sven hat Gléck am Ongléck. Hien huet iwwerlieft. Ma zanterhier huet sech fir de jonke Mann villes geännert. Raphaëlle Dickes

Télévie: Survivor "iwwer Kriibs soll ee schwätzen

Wann dem Sven seng Kanner seng Narben um rietse Been gesinn, wësse si dass de Papp schwéier krank war. An hinnen och net wäert nokomme, wa si him fortlafen. Haut nach huet de Sven Péng. Réckwéi an Arthrose an de Been. Mee hien huet iwwerlieft. An dat huet seng Vue op d'Liewe geännert.

Sven Knepper: Ech hunn d'Aen einfach op eng Aart a Weis opgemaach duerno, wéi ech se virdrun net kannt hunn. An och elo... ech genéissen einfach all Moment do ass. Ech sti mat béide Féiss um Buedem. Ech hu meng Alldags Problemer wéi all anere Mënsch och. Mee déi Zäit, déi ech mer heiansdo huelen fir dann einfach frou ze sinn mat Saachen, déi ass mer heiansdo ganz wichteg.

Zréck an d'Joer 1997. Den Hausdokter hat de Sven deemools bei e Spezialist iwwerwisen. 3 Wochen drop koum d'Diagnose zu Bréissel.

Sven Knepper: Ech wousst vun näischt eppes. Meng Mamm huet zanter datt déi 1t Analysen erakomm sinn, dicht gehalen. Well ech nach am gaange an der Prüfungszäit op 2e. An dat heescht, ech souz moies do zu Bréissel an de Chirurg kënnt eran, kuckt sech d'Biller un a seet an engem bayereschen Dialekt: "Ja, da sieht man klar die beiden Tumore!"

Eng Diagnose mat der de Sven net gerechent hat.

Sven Knepper: An jo, dann zitt et der fir d'éischt mol de Buedem ënnert de Féiss ewech. Et gëtt der waarm, et gëtt der kal. Ech hunn eng Fënster opgemaach fir mol e bësse Loft ze kréien... De Rescht kann ech mech éierlech gesot net méi esou gutt erënneren, wéi den Dag weider gelaf ass. Et ass e bësselche wéi e Film, deen ofleeft. Du bass zwar dobäi a kucks der Saach och e bëssen no.

Laang Zäit fir ze iwwerleeë blouf net. Nomëttes goufe weider Analyse gemaach. A kuerz drop war schonn déi éischt Chemotherapie fälleg.

Sven Knepper: Ech hunn ëmmer gesot, et ass e bësse wéi an engem Panzer: Du méchs d'Luck zou an du kënns doduerch. Du powers iergendwéi doduerch.

Gehollef duerch déi Zäit hunn dem Sven seng Kollegen, déi vun deem Moment un nach méi staark hannert him stoungen. E gutt Joer drop, huet hien du seng Première nogemaach.

Sven Knepper: Et ass réischt an deene Joren duerno, wou esou stéckweis dann eigentlech déi Realiséirung agetraff ass, vun deem wat do geschitt ass. Wéi dat hätt kënnen ausgoen. Datt ech schonn hätt kënnen eriwwer sinn à ce Stade. Ech mengen, do war ech 18 Joer al. Dat ass nach keen Alter wou s De eigentlech solls drun denken, dass et kann eriwwer sinn. Dass du kanns stierwen.

De Sven geet oppe mat senger Krankheet ëm. Huet senger haiteger Fra och direkt dovunner erzielt. Hie gesäit de Kriibs als eng vun de ville Facetten, déi zou him gehéieren. A fënnt et wichteg, dass et keen Tabu an der Gesellschaft ass.

Sven Knepper: Ech denken, et dierf een einfach keng Beréierungs Ängscht hunn. Et kann een iwwer Kriibs schwätzen, wéi een iwwer eng Autoscours ka schwätzen. Et kann een normal Wieder dofir fannen. Et brauch ee kee Matleed mat enger Persoun, di dat duerchlieft huet. Et brauch een net mat eegene Krankheets Geschichten ze kommen fir dann eng Connection opzebauen. Ech mengen, dat bescht ass einfach fir normal kënnen driwwer ze schwätzen. En normale Vocabulaire ze wielen. Dee jeenegen, deen dat duerchlieft huet, wann e schwätze wëll, driwwer erzielen ze loossen... a jo, da geet d'Liewe weider.