''Wer rastet der rostet'', en aalt Spréchwuert dat nach ëmmer wouer ass! Dëst ass net just op de Kierper an de physeschen Effort ze mënzen, mä och op eist Gehir. Fir dass déi gro Mass a Form bleift, muss och déi reegelméisseg trainéiert ginn.

27/02/2019 D'Gehir soll op Trapp bleiwen

Dat soll schonns am fréisten Alter lassgoen an dann am Fong ni méi ophalen, wann ee weider op Zack bleiwe wëll bis an den héijen Alter. Reegelméissege Gehirtraining, also d'Fërderung vu kognitive Capacitéiten huet wichteg Virdeeler fir all Mënschen an all Alter. Et heescht ënner anerem dass Gehirtraining och bei Krankheete wéi Alzheimer, Demenz, MS, Parkinson oder souguer bei Legasthenie oder ADHS vu groussem Notze ka sinn.

Beim Gehir ënnerscheede mir tëscht der rietser an der lénker Gehirhallschent, de sougenannten Hemisphären. Déi riets Säit ass fir emotional, intuitiv a kreativ Prozesser zoustänneg an der lénk Säit ass zoustänneg fir dat Logescht, Rationaalt an Analytescht. Zu all Moment an eisem Liewen ass et en Zesummespill tëscht deene béiden Hallschechten a fir dass dëst ideal fonctionnéiert, soll ee säi Gehir och fuerderen.

Mat Liesen, Mathematiksaufgabe maachen an nonstop Sudoku spillen geet et net duer well mat deenen Exercice ginn just déi eng  Beräicher am Gehir ugestrengt; komplettéieren kéint een dat Ganzt mat Jongléieren oder dem Balancéieren zum Beispill, well doduerch gëtt eist Gehir nees anescht beusprocht. De geeschtegen Training an d'Beweeglechkeet géif der Opmierksamkeet an der Konzentratioun gutt doen an och dem Erënnerungsverméigen an dem Verschaffe vun Informatiounen. Net ze negligéieren beim Jongléiere géif och d'Koordinatiounscapacitéit gefërdert ginn, Stress ofgebaut an déi allgemeng Leeschtungsfäegkeet gestäerkt.

Den alldeegleche kognitive Trainingsprogramm verbessert d'Gehirleeschtung andeems Millioune vun Neuronen gebild ginn, déi eis Wësse regeneréieren.

Ofwiesslung ass anere wichtege Punkt. Heiansdo mol aner Geste maachen, mat der anerer Hand d'Forschette halen, de Kappstand maachen, wann dat nach geet oder soss eppes wat mat der Routine brécht, well d'Wëssenschaft huet gewisen, dass d'Routine de Feind vum Gediechtnes ass an zu mentale Krankheete féiere kann. Mir sollen dofir eist Gehir dozou bréngen manner automatesch Aktivitéiten duerch ze féieren.

Och Musek beaflosst Kierper a Geescht, sief et well ee selwer Musek mécht, also en Instrument spillt oder einfach just Musek lauschtert. Doduerch gëtt eist Gehir och aktivéiert.