A Science-Fiction Filmer gi Computer dacks mat simpelen Handbewegungen a Stëmmebefehler bedéngt. Ähnlech Technik kennt ee scho vum Stephan Hawking, deen säi Computer duerch Muskelbewegunge kontrolléiert.

18/04/2019 Science-Fiction vu Muer, schonn Haut Doheem

Eng nei Software vum Entwéckler erméiglecht dat elo fir de grousse Public. D'Firma 4tiitoo huet hire Programm, de Middleware Natural User Interface for Applications, op der Foire zu Hannover virgestallt. Mat dëser Software loossen sech Applikatiounen sou erweideren, datt een se mat all méiglechen Inpute ka steieren. Computerprogrammer kënnen sou ganz klassesch mat Maus an Tastatur awer och mat Touchscreen, Sprooch-Commanden, Handgesten an Aebeweegunge kontrolléiert ginn.

Op diverse Stänn huet d'Entreprise virgefouert, wéi ee mat Ae-Motiounen Uwennunge ka manipuléieren. En einfachen Eyeball-Tracker gëtt dofir benotzt. Gamer kennen dësen Outil schonn als Accessoire vun Assassin's Creed. 30 Sekonne Gedold fir den Eyeball-Tracker ze kalibréieren an en ass prett fir d'Utilisatioun. D'Gerät liwwert Informatiounen doriwwer wou um Bildschierm de User grad hi kuckt a mat der Maus kann een dann drop klicken. Doduerch gëtt d'Bewegung mat der Maus iwwerflësseg an d'Uklicken ass pixelgenee a méi schnell.

D'Iddi fir di zukunftsweisend Software koum den Entwéckler beim Sortéiere vu Fotoen um Computer. Dëst huet sech als ëmständlech erausgestallt, a si hu no enger intuitiver a natierlechen Art a Weis gesicht fir dës Aufgab méi einfach ze realiséieren. Eng Kombinatioun vu verschiddenen Inputmethode war d'Léisung. Mat den Aen kann een eng Foto uviséieren an dës mat der Voice-Command "delete" läschen. E Motion-Tracker kann och benotzt ginn fir mat Handbeweegungen duerch d'Fotoen ze scrollen.
De Softwarentwéckler huet awer schnell realiséiert, dass een dës intuitiv Art a Weis fir de Computer ze bedéngen och op aner Programmer ausdehnen kann. Als éischt Demonstratioun hu si schonn 2012 mat Intel zesumme geschafft fir hier Software op d'Computerspill Minecraft ze iwwerdroen. D'Spill ka mëttlerweil ganz mat der NUIA Software gespillt ginn. Elo wëlle si de Natural User Inferface fir de Grand Public erausbréngen.

Ergonomesch bitt dës Art a Weis mat engem Computer ze schaffen och Virdeeler. Et kann e méi wäit vum Bildschierm ewech an enger Positioun setzen, déi de Réck schount an och emol opstoen an dertëschent trëppelen ouni mussen d'Aarbescht ze ënnerbriechen.

D'Entwéckler mengen, datt wann si hire Programm op de Maart bréngen sech ëmmer méi Entwéckler uschléissen an hir Applikatiounen un d'Software upassen. Als Resultat ännert sech eis ganz Aart a Weis, wéi mir mat engem Computer ëmginn. An der Zukunft wärt de Bureausemployé an enger relaxer Positioun am Stull setzen, eng Taass Kaffi am Grapp hunn a mat den Aen a senger Stëmm um Computer schaffen.