The City That Never Sleeps ass ee vu ville Slogane vun der amerikanescher Stad New York. A wann een net schlofe wëllt, nuets, muss ee bal op den Tour goen. Vun 1977 bis 1986, mat enger klenger Ënnerbriechung, war de Studio 54 eng vun berühmtste Plaze fir d'Nuecht duerchzefeieren.

26/04/2019 Eng 100 Sekonne Geschicht: Studio 54

Ma de Club op 254 West 54th Street tëscht der Eight Avenue an dem Broadway zu Midtown Manhattan stoung awer net nëmme fir Disko mä och fir Drogenexzesser, wëlle Sex an hemmungslos Exzentrik. De Steve Rubell an den Ian Schrager haten an de fréie 70er Joer erkannt datt den hedonisteschen an exzentreschen Liewensstil ëmmer méi modern ginn ass, an hunn doropshin haut viru genee 42 Joer d'Plaz fir ze feieren, an nach méi, op gemaach. Ier de Studio 54 seng Dieren de 26. Abrëll 1977 opgemaach huet, war op där präziser Adress zu New York fir d'éischt en Theater, duerno en Televisiounsstudio an ee vun de bekanntsten Discolabele vun der Welt, West End Records, doheem. D'Gebai ass 1927 gebaut ginn an huet als alleréischte Locataire d'San Carlo Opera Company empfaangen. Duerno hu sech Theatere wéi The New Yorker, Casino The Paris a Federal Music Theatre do ofgeléist, bis da schlussendlech 1943 CBS en Televisiounsstudio aus dëser Adress gemaach huet. The Johnny Carson Show, Beat The Clock an $64000 Question goufen ënner anerem do produzéiert a well et den 52. Studio vu CBS war hunn d'Leit vun der Firma vum Studio 52 geschwat. Ebe well op där Adress eng Kéier e Studio dra war, hat de Steve Rubell d'Iddi säi Club Studio, a wéinst der Adress Studio 54 ze nennen. Genee do huet de Steve et fäerdegbruecht fir déi Räich, déi Schéin, d'Staren an d'Promie mat den einfache Leit aus der Stad ze vermëschen. Zu de Gäscht hunn deemools Leit wéi Liza Minnelli, Andy Warhol, Liz Taylor, Mick Jagger, Diana Ross, Sylvester Stallone an John Travolta gezielt. No nëmmen 2 Joer huet d'Disko hir Dieren zougemaach, déi 2 Bedreiwer haten dat mat de Steieren net immens eescht geholl. Am September 1981 ass de Studio 54 dunn awer nach eng kéier fir 5 Joer opgaangen.