Ugefaang huet alles virun 70 Joer an den éisträicheschen Alpen am Joer 1949. Den zweete Weltkrich huet seng Spueren och do hannerlooss. Net nëmmen waren ganz Dierfer a Stied beschiedegt, mee ville Kanner huet de Krich hier Elteren geholl. Si si Weesekanner ginn. An dogéint wollt ee jonke Medezinsstudent eppes ënnerhuelen.

25/04/209 70 SOS Kannerdierfer

Hien konnt den Kanner hir Elteren net zeréckbréngen, mee en konnt hinnen awer neier fannen. Dozou huet den Herrmann Gmeiner sech beruff gefillt an huet mat senge läschte Suen Flyeren drécken gelooss fir fir säi nei gegrënnten Veräin "Societas Socialis" - kuerz SOS - Suen ze sammelen. D'Leit sollten all Mount ee "Schilling" fir déi Kanner spenden an d'Resonanz war grouss.

Den Herrmann Gmeiner war der Meenung, dass déi Kanner, déi hir Elteren verluer hunn, net sollten a Weesenheemer grouss ginn, mee si sollten an enger familiärer Gemeinschaft en neit Doheem fannen. Dofir huet hien Fraen a Männer aus dem Duerf gesicht, déi sech géingen als SOS-Elteren engagéieren.

An och hei am Land gëtt et en SOS-Kannerduerf zanter 1968 an den Generaldirekter, Jean-Paul Karpen, erklärt, wéi esou een Duerf konzipéiert ass. Eng Mamm lieft mat de Kanner, déi dann wéi Geschwëster sinn, zesummen an engem Haus.

Dëst Prinzip huet sech zanter 70 Joer net geännert, mee mat der Zäit hätt ee missen nei Modeller schafen.
Sou ginn et zum Beispill hei am Land zu Miersch 12 Haiser. A 4 Stéck wunnen d'SOS-Mammen mat hire Famillen an am Rëscht vun den Haiser si Wunngruppen nom Prinzip vum betréiten Wunnen ënnerbruet, wou 6 bis 10 Jonker beieneen wunnen.

An de läschte Joren wiere vill Diskussiounen doriwwer gefouert ginn, bis wéi een Alter gehéiert een Jonken zu der Grupp vun de sougenannten "Young People" gehéiert, huet den Jean-Paul Karpen erklärt. D'Grenz géing do net bei 18 Joer ophalen, mee bis 25 géingen déi Jonk Hëllef deelweis brauchen a kréien an dat wier och wichteg.

An zanter 1949 huet sech awer och nach eppes aneschters geännert. Hautdesdaags kënnen net méi alleng Weesekanner an engem SOS-Kannerduerf opgeholl ginn, ma och Kanner, déi aus méi schwéieren Verhältnisser kommen. Wichteg wier awer, dass déi Kanner sou mann wéi méiglech de Kontakt zu hiren Elteren verléieren.
Sou ginn och Jugendlecher ambulant betreit an der Struktur vum SOS-Kannerduerf.

50 Joer huet d'SOS-Kannerduerf hei am Land läscht Joer gefeiert huet a si hunn nei Visiounen fir d'Zukunft. Si wëllen deenen Jonken eng Stëmm ginn fir mat ze schwätzen an dofir hu si am Ufank vum Joer en Kanner- a Jugendparlament gegrënnt.

Weltwäit ginn et 752 SOS-Kannerdierfer an iwwer 135 Länner. Aktuell profitéieren weltwäit eng 1,5 Milliounen Mënschen vun de Programmer vun den SOS-Kannerdierfer.

Et gëtt dëst Joer awer nach ee Jubiläum ze feieren, well de Papp vun den SOS-Kannerdierfer, den Herrmann Gmeiner, wier dëst Joer 100 Joer al ginn.