Mir Mënschen richen net nëmmen mat eiser Nues. Fuerscher behaapten dat och eis Zong eng wichteg Roll spillt. Sougenannt "Sënneszellen" géingen op de Geroch reagéieren.

01/05/2019 D'Zong richt e bësse mat

D'Geschmaachsknospen op eiser Zong ënnerscheeden op eppes séiss, sauer, batter oder salzeg ass. Och wann eppes bësse méi schaarf ass mierkt eis Zong dat relativ séier. Dank dësen Informatiounen gëtt eise Kierper virun allem geschützt.

Fir de Spaass beim Iessen suergt dann awer am Endeffekt eis Nues. Mat Hëllef vun honnerten Gerochsgefässer realiséiert eise Kierper dës Gerëscher. Richt dat wat mer do virun eis hunn no Fësch, Fleesch oder villäicht no Zitroun? Bis ewell huet een op alle Fall gemengt dat dës Andréck vun der Zong an der Nues an eisem Gehir triéiert ginn.

De Mehmet Hakan Ozdener a seng Equipe aus dem Chemical Senses Zenter zu Philadelphia stellen dëse Model elo awer an Fro. An der Zeitung <<Chemical Senses>> gëtt elo vun enger Entdeckung geschwat déi si rezent gemaach hunn. Deemno géifen et och sou Gefässer déi de Geroch wouer huelen op der Zong ginn an eis Nues bräichten mer anscheinend net.

Domat net genuch, anscheinend kann och ENG eenzel Sënneszell Geschmaach a Geroch wouer huelen.

Wahrscheinlech ass et esou, dat sech schonn am Mond en éischten Androck vum Geschmaach a vum Geroch gemaach gëtt. Dat behaapten op alle Fall den Ozender a seng Equipe déi Experimenter mat Mais gemaach hunn an déi Reaktiounen och un Zellkulturen vun mënschleche Geschmaachszellen ausprobéiert hunn.

D'Fuerscher behaapten och dat dëss Recherche kënnen hëllefen erauszefanne wéi d'Geschmaachsmoleküler de Geschmaach beaflossen. A kéinten da souguer dofir suergen datt een net ze vill Salz, Zocker an Fett ophëllt. Dat huet natierlech positiv Auswierkungen op Leit mat Fettsucht an Diabetis.

Et wëll een elo mat Hëllef vu bësse Gerochsstoff dem Kierper virspillen dat ee bestëmmte Liewensmëttel méi séiss wierkt wéi et a Wierklechkeet ass. An dësem Fall kéint ee jo dann einfach manner Zocker an de Produit maachen. 

Aner Fuerscher zweiwelen awer dorun, well et wier ze fréi dat elo schonn ze beuerteelen.