Ob a Kosmetika, am Iessen, a Botzmëttel, Spillsaache, Kleeder oder Verpakungen. Et gëtt eng ganz Rei chemesch Substanzen, déi eist Hormon System agräifen, do zu Stéierunge féieren a  Krankheeten favoriséiere kënnen. Sougenannte "perturbateurs endocriniens". D'Weltgesondheetsorganisatioun huet se am Viséier. An och d'Europäesch Unioun huet se op der Agenda. Wëll d'Ëmwelt an de Mënsch virdru schützen. Mee et geschitt net genuch. Bemängelt Akut, den Aktiounsgrupp fir Ëmwelt-Toxikologie. Deen d'lescht Woch e renomméierte Franséischen Expert aus dësem Gebitt op Lëtzebuerg invitéiert hat.

03/05/2019 Akut mobiliséiert géint hormonaktiv Chemikalien