De Philippe Flammang an de Packo Gualandris, hu sech beim Philippe sengem Solo Projet Phil'O'Lux am Packo sengem Studio zu Uewerkuer begéint, a waren Allenzwee vum Géigeniwwer sengem Museksstil begeeschtert. Doropshin hunn se lescht Joer decidéiert fir en neie Projet mam Numm Phacko, en Elektropop-Duo an d'Liewen ze ruffen. Mir hunn se de Mëtteg och bei eis an de Studio geruff. 

23/05/2019 PHACKO