D'Natalie Grams ass Doktesch a war laang Jore ganz iwwerzeegte klassesch Homeopathin. Haut setzt se sech fir d'Opklärung iwwer Homeopathie op der Kritikersäit an an huet och Bicher publizéiert wéi ënnert anerem "Homöopathie - Neu gedacht". Si ass Bloggerin, Kommunikatiounsmanagerin vun der Gesellschaft fir D'Analyse vu Parawëssenschaften a Leader vum Informatiounsnetzwierk Homöopathie. Den Owend hält se op Invitatioun vun  der AHA, der Allianz vun den Atheisten an Agnostiker an der Société des Sciences Médicales an der Abtei Neimënster e Virtrag zum Thema Glaubenskrieg Homöopathie - Wunschdenken oder Wirklichkeit, a mir hunn se am Virfeld um Telefon:

10/05/2019 Homeopathie - "nei iwwerluecht" Deel 1

D'Zuel vun den Doktere mat Homeopathescher Zousatzausbildung hëlt permanent zou. Elleng an Däitschland ginn et méi wéi 7000 Dokteren déi homeopathesch schaffen. Mir hunn d'Doktesch Natalie Grams am Interview, si ass deen anere Wee gaangen an huet de Globuli, oder Zockerbëmmelcher, wéi se se nennt, de Réck gedréit: 

10/05/2019 Homeopathie - "nei iwwerluecht" Deel 2

Wou ass also D'Homeopathie haut klasséiert, watfereng Schlëss kann een aus der Beléiftheet zéien a wisou kann se keen Deel méi vun der Medezin sinn, dat beäntwert d'Dr. Natalie Grams den Owend um véierel op 8 an der Abtei Neimënster.