A genee 13 Deeg gi mer wielen - a Form vu Reportagen iwwert de Fonctionnement vun der EU wëlle mer Iech an eisem Programm d'Unioun méi no bréngen. Haut explizéiert de Bill Wirtz wéi eng Pouvoiren de President vum Conseil huet - aktuell also den Donald Tusk.

13/05/2019 Serie EU-Walen Bill Wirtz 7/12 (Präsident Conseil)

Den Europäesche Conseil representéiert d'Memberstaaten vun der Europäescher Unioun, entweder duerch hire Staatschef oder hire Regierungschef. All 2,5 Joer wielt de Conseil ee neie permanente President, deem säi Mandat eemol erneierbar ass. Am Moment ass dat de fréiere polnesche Premierminister Donald Tusk, deem säi Mandat Enn dës Joers ausleeft. Dëse President muss en 2/3 Majoritéit vun de Staaten kréien, a leet d’Diskussiounen am Conseil. Seng Missioun ass et dass d’Membersstaaten ee Konsens fannen. Um internationale Plang representéiert de Conseilspresident d’Europäesch Unioun, zesumme mam President vun der Europäescher Kommissioun.

Dëse System existéiert zënter dem Vertrag vu Lissabon vun 2009. Virdrun waren d’Presidenten vum Conseil inoffiziell an hu nom Rotatiounsprinzip funktionéiert, deen et nach ëmmer gëtt.