Gëschter Owend huet sech am Forum Geesseknäppchen alles ëm déi Jonk gedréint. Den SNJ huet, zesumme mat der Anefore an RTL déi 3. Kéier de Jugendpräis verginn. D'Julie Dupont war bis dohin an huet sech mat deene Jonken ënnerhalen.

17/05/2019 Jugendpräis 2019

Ganzer 65 Projete koumen zesummen. Gewannen konnten der awer nëmme 7. Mee, wéi den Direkter vum SNJ, de Georges Metz och nach eemol ënnerstrach huet, goung et net alleng ëm d'Gewënner, mee drëms déi Jonk, hiert Engagement, an hir Projeten ze feieren déi deels wäit iwwer Lëtzebuerg erausgaange sinn. An dat huet een och dee ganzen Owend iwwer gemierkt. Déi Jonk hu sech, egal op se mat Präis oder ouni heemgaange sinn, géigesäiteg gefeiert, gelueft a firenee gefreet.

Ee flott Beispill ass do de Projet Identity Call, dee spéider de Präis an der Kategorie „Ee fir deen aneren“ gewonnen huet.

CUT 1

An der selwechter Kategorie nominéiert, war och de Projet „All Together“, iwwert deen d'Martine Marx mer bëssi méi konnt zielen.

CUT 2

Ee vun den éischte Gewënner vum Owend war de Projet „Young Trees“ vum Jugentreff Déifferdéng. Déi Jonk haten d'Iddi Beem ze planzen an enger Regioun vu Portugal wou duerch déi grouss Bëschfeier zerstéiert goufen.

CUT 3

Och de Film „Wäiss Wourecht“ vum Fränz Dormans, een Anti-Droge Film deen och an Zukunft vun der Police fir d'Präventioun bei Jonke wäert benotzt ginn, krut ee Präis an der Kategorie „Digital Liewenswelten“.

CUT 4

Aner Projete kënne gäre weider vu jidderengem benotzt ginn, wéi Buster.lu, ee Site deen Iech ka soe wou äre Bus da grad drun ass, oder och nach pandeurasbox.eu. Do kënnt der 10 pädagogesch Gesellschaftsspiller zu Theme wéi Aarmut, Migratioun, Virturdeeler oder Chômage gratis eroflueden.