Hutt Dir Iech grad d'Zänn gebotzt an duerno de Mond uerdentlech mat Waasser gespullt? Da gehéiert Dir zu der Majoritéit vun de Leit, bei deenen dat deeglecht Zännbotzen esou ausgesäit. Allerdings gëtt déi Prozedur grad a Fro gestallt.

17/05/2019 Soll een nom Zännbotzen de Mond spullen?

Experten behaapten nämlech elo, dass grad d'Ausspullen nom Botzen en Feeler an eiser alldeeglecher Denta-Routine wier. Domadder géing ee groussen Deel vum Fluorid, deen an de meeschten Zahnpastaen enthalen ass, verluer goen a grad deen wier immens wichteg fir de Schutz vun den Zänn. Eng Ausso, déi net all Zänndokter deelt, sou och net Dr.Brit Schlussnuss.

Dat ass ganz schwiereg ze erklären, well u sech soll de Fluor op den Zänn bleiwen, awer net als Fluorid ofgeschléckt ginn. Et soll ee wäschen domadder an och säi Mond duerno ausspullen. Wat awer wichteg wier, dass ee soll oppassen, dass an der éischter hallwer Stonn nom Zännbotzen näischt aneschters an de Mond kënnt, fir dass den Effet vum Fluorid och bleift. Net Ausspullen wier net déi richteg Methode.

Ëm de Fluorid dréit sech schonn zanter méi laangem eng ganz Polemik. Ass et geféierlech fir eis Gesondheet? Soll een iwwerhaapt nach Zahnpasta mat Fluorid benotzen?

Déi Polemik ass entstanen, duerch de Fait, dass d'Leit de Fluor mam Fluorid verwiesselen. De Fluor u sech ass en extremt gëfteg Gas, mee et ass net de Fluor an der Zahnpasta, mee de Fluorid. De Fluorid ass déi manner toxesch Substanz an do geet et op Dosis, déi een zou sech hellt, fir dass se toxesch ass. Bei engem Kand vun 15 Kilo wier dat den Equivalent vun zwou Zahnpasta-Tuben, déi ee beieneen misst zou sech huelen. Bei speziellen Kanner-Zahnpastaen soll de Fluorid Gehal och méi geréng sinn.

Bei enger Zahnpasta fir Kanner soll de Wäert vu Fluorid net méi héich wéi 500 ppm sinn a fir Erwuessener net iwwer 1500 ppm leien. Hannen op der Zahnpasta léist sech dee Wäert ëmmer einfach nokucken. Et wier net recommandéiert ganz op de Fluorid an der Zahnpasta ze verzichten, well et hätt immens Virdeeler fir d'Gesondheet vun den Zänn.

Fluorid mëscht eng Remineralisatioun vum Zahnschmelz an déi ass wichteg, well mer iwwert de ganzen Dag an och beim Iessen mat Saieren a Kontakt kommen an déi gräifen andauernd ëmmer e bëssen deen Zahnschmelz un.

Net an all Zahnpasta ass Fluorid dran. Sou wëllen den Ament ëmmer méi Leit komplett op de Fluorid verzichten. Dat wier awer net déi beschten Léisung. Et kéint een ouni Problem och emol ofwiesselen, ma ganz drop verzichten, géing d'Zänn awer nëmmen méi futti maachen an de Risiko fir Karies ze kréien wier vill méi héich. Och den Trend fir d'Zahnpasta mat schwaarzer Aktiv-Kuehl ze benotzen, wier bedenklech.

Aktiv-Kuehl ass extrem abbrasiv, dat heescht wann ech elo Verfierwungen op den Zänn hunn, ginn déi duerch d'Aktiv-Kuehl direkt ewech geholl an et ass en direkten Effet op meng Zänn, dass déi méi hell ginn. Mee dat géing den Zant awer ugräifen. Laangfristeg gëtt den Zahnschmelz ofgebaut an gëtt zousätzlech fir nei Verfierwungen vill méi empfindlech gemaach.

Bei der ganzer Diskussioun ëm Zahnpasta, géing awer eppes dacks vergiess ginn. D'Zahnseid - déi sollt een am beschten all Dag benotzen oder sou oft wéi méiglech.

Egal wéi Dir Iech entscheed, wichteg wier et, d'Zänn regelméisseg ze botzen.