E Sonndeg gi mer wielen - a Form vu Reportagen iwwert de Fonctionnement vun der EU wëlle mer iech an eisem Programm d'Unioun méi no bréngen...haut explizéiert de Bill Wirtz wéi d'Gesetzer an der EU zustane kommen a wien se schreift...

20/05/2019 Serie EU-Walen Bill Wirtz 10/12 (Gesetzer))

D’Europäesch Unioun huet verschidden Zorte vu legislative Decisiounen. Direktiven si Gesetzprojet’en innerhalb vun der Europäescher Unioun, déi vun all den EU-Memberstaate mussen agehale ginn, mee bei deenen d’Staate selwer decidéieren wéi se zum Zil kommen. Dat heescht dass all Land seng eege Gesetzgebung muss kreéieren. Regulatiounen sinn EU-Decisiounen déi musse vu all Land agehale ginn. Decisiounen riichte sech just u spezifesch Staaten oder Organisatiounen, wéi zum Beispill Entreprisen, a mussen och direkt agehale ginn.
 
Gesetzesproposen gi just vun der Europäescher Kommissioun ausgeschafft. D’Europäescht Parlament huet keen Initiativrecht. Déi zoustänneg Departementer maachen Analysen a Consultatiounen, an den zoustännege Kommissär proposéiert een Dossier, op deem sech déi ganz Kommissioun da muss eens sinn, ier se dem Europäesche Conseil an dem Europaparlament virgeluecht gëtt. Réischt wann déi zwou Institutiounen een Accord fonnt hunn, gëtt den Text bindend.