A séngem juristesche Sträit mam Nohaltegkeets- an Infrastrukturminister huet en Taxichauffeur an 1. Instanz um Verwaltungsgeriicht Recht kritt: Den Tribunal administratif huet dem Mann säi Recours géint eng Décisioun vum François Bausch nämlech als fondéiert ugesinn.

Déi Décisioun vu Mäerz zejoert wär dofir ze reforméieren an dem Mann d'Erneiere vu sénger Kaart als Taxichauffeur zouzegestoen. Den Dossier misst zréckgoe bei de Minister, an de Stat hätt keng Indemnité de procédure zegutt, mä misst fir d'Fräen opkommen, Eric Ewald:

23/05/2019 Verwaltungsgeriicht Taxiservice -17h10-