Haut steet am Grio d'Italia déi 12. Etapp um Programm. Et geet iwwer 156 Kilometer vu Cuneo op Pinerolo. An et geet eng éischte Kéier an d'Bierger. D'Etapp ass am Aosta-Dall. A fir deen interesséiert sech de Rich Simon haut....

23/05/2019 Intorno al Giro 11h20 Simon

Am Aosta-Dall gi genee wéi a Süd-Tirol zwou Sprooche geschwat. Awer net Däitsch an Italienesch mee Franséisch an Italienesch.

Am Aosta-Dall sinn déi héchste Bierger vun den Alpen. 20 Sommeten vun iwwer 4.000 Meter. Mat natierlech dem Mont Blanc mat 4.810 Meter oder awer de Monte Rosa mat 4.634 Meter. Ouni awer déi speziell Silhouette vum Matterhorn ze vergiessen.

Wien et net direkt an d'Bierger zitt, deen awer trotzdem bëssen Adrenalin sicht fir deen ass eng vu villen Raftingtouren am Aosta-Dall ze rekommandéieren.

Am Aosta-Dall ginn et awer och net manner wéi 82 Schlesser a Buergen, déi tëscht dem 12. an 18 Joerhonnert gebaut goufen.

Virgule

Den Aosta-Dall leit am Piemont. Op senger kulinarescher Säit interesséiert sech den David Albert ënnert anerem fir de Kéis aus dem Piemont an hie vergësst natierlech net déi Weltbekannten Trüffel.