Am Joer 2050 gëtt d'Zuel vun de Mënschen op der Welt op 10 Milliarden Mënschen geschat. Dat sinn der ëmmerhin 2 an eng hallef Milliarde méi, wéi dat elo grad de Fall ass. Fir dass also jiddereen nohalteg a gesond ernäert ka ginn, mussen sech eis Iessgewunnechten änneren. Sou iessen mir nach ëmmer ze vill Fleesch.

25/05/2019 Nohalteg Iessen an anengems d'Ëmwelt schützen

Zu Lëtzebuerg gëtt an der Moyenne pro Kapp 90 Kilo Fleesch pro Joer giess an déi Moyenne misst een ëm en Drëttel kierzen. Wisou dat sou ass, erkläert Dr. Rachel Reckinger vun der Uni.lu. Si fuerscht den Ament a Saachen nohalteg Ernärungspraktiken.

Nohalteg Ernärung betrëfft also net nëmmen eis als Konsument. Et fänkt beim Produzent geet iwwer de Veraarbechter bis bei de Verkeefer. An och den Educatiounssystem, d'Fuerschung an d'Medien spillen hei e Rouleau. Jidder Eenzelen misst sech bewosst sinn, dass all Entscheedung, déi een hellt Konsequenzen fir sech, seng Ëmwelt an seng Zukunft huet.

Zil vun der nohalteger Ernärung wier, dass een an de Limitten vum Planéit gesond a variéiert ësst. Well heeschen, dass mir eis méi gesond sollen ernären. Ëmmerhin stierwen enger Etüd no all Joer 11 Milliounen Leit ze frei, well se entweder ze vill oder net gesond genuch giess hunn. Doniewent gëtt et awer déi traureg Gewëssheet, dass 800 Milliounen Leit net genuch Liewensmëttel hunn. An dat ass grad de sprangende Punkt. Et ass ongerecht verdeelt an dofir wier d'Zil och...

D'Industrie, Politik an d'Konsumenten missen zesummen un engem Strang zéien, fir dass méi nohalteg giess ka ginn. An dat géing och geschéien, wann een sëlwer zum Beispill manner op Liewensmëttel zeréck gräift, déi vu weit kommen, deelweis ageflunn ginn an soumat en schlechten ekologeschen Foussofdrock hannerloossen, well soen méi CO2 produzéieren. Dofir wier d'Saisonalitéit vun de Produit wichteg, seet Dr. Rachel Reckinger.

D'Experten roden also méi Geméis, Nëss an Friichten ze konsuméieren an d'Consommatioun vu Fleesch drastesch ze reduzéieren. Dat well awer net heeschen, dass mir elo all nëmmen nach Vegetarier solle sinn.

Fir de Konsument gëtt et eng Richtlinn fir méi nohalteg ze iessen. An zwar solle mir pro Woch net méi wéi 500 Gramm Fleesch a Fësch iessen, 4 Kilo Uebst, Geméis, 2 Kilo Mëllech- a Weessproduiten an 200 Gramm Zocker.

Et sollt ee sech och Zäit huelen ze kachen a sech bewosst ginn, wat ee grad ësst a wéi eng Konsequenzen dat net nëmmen fir déi eege Gesondheet, ma och fir d'Ëmwelt huet.